Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dronenattack op palästinensescht Flüchtlingslager am Norde vum Libanon

Éischt Attack op Ziler am Norden

Dronenattack op palästinensescht Flüchtlingslager am Norde vum Libanon

Fir eng éischte Kéier zanter dem Ufank vun hirer Offensiv am Libanon, huet déi israeelesch Arméi elo och Ziler am Norde vum Libanon ugegraff. Dat melle lokal Medien.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | STRINGER
Foto: picture alliance/dpa | STRINGER

An der Géigend vun der nordlibanesescher Hafestad Tripolis hätt et hënt eng Dronen-Attacken op ee palestinensescht Flüchtlingslager ginn. Et soll Doudeger a Blesséierter ginn - wéi vill ass nach net gewosst. Déi israeelesch Arméi huet sech nach net zu der Attack geäussert. Och am Süde vum Libanon net wäit vu Beirut goufen op en neits Attacke gemellt.

Zanter dem Ufank vun der Buedemoffensiv viru fënnef Deeg am Libanon huet déi israeelesch Arméi eegenen Aussoen no 2.000 Ziler ugegraff an 250 Hisbollah-Kämpfer ëmbruecht. De republikaneschen US-Presidentschaftskandidat Donald Trump huet sech fir eng israeelesch Attack op iranesch Atomanlagen ausgeschwat.