Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel mellt weider Terroristen an Infrastrukturen vun Hamas zerstéiert ze hunn

Noen Osten

Israel mellt weider Terroristen an Infrastrukturen vun Hamas zerstéiert ze hunn

Zanter 20 Deeg ass de Krich tëscht Israel an der Hamas amgaangen. Och hënt huet Jerusalem eegenen Aussoen no nees honnerten Ziler an der Gazasträif bombardéiert. D‘Arméi hätt och mat Panzeren eng geziilten Attack am Norde vum Territoire lancéiert an dobäi vill Terroristen an Infrastrukturen zerstéiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Israel huet nom Massaker vum 7. Oktober nach ëmmer déi ferm Intentioun fir den Hamas ze zerstéieren. Mee vun iwwerall kënnt Drock op d‘Regierung vum Netanjahu fir déi zivil Populatioun an der Gazasträif ze verschounen.

An hirem leschte Bilan vu gëschter mellt déi radikal-islamesch Hamas iwwer 6.500 Doudesaffer zanter dem 7. Oktober, an der Haaptsaach Zivilisten, an dorënner dausende Kanner. Den israeeleschen Autoritéiten no sinn an deem Zäitraum duerch d‘Hamas iwwer 1.400 Mënschen an Israel ëm d‘Liewe komm. Méi wéi 200 Persoune goufe vun der Terrororganisatioun och entféiert.

D‘Situatioun an der Gazasträif verschlechtert sech iwwerdeems weider: Bis ewell goufe just e puer Dose Camione mat humanitärer Hëllef u Bord an d‘Gebitt eragelooss, dobäi bräicht et der de Vereenten Natiounen no op d‘mannst 100 den Dag. 

Déi medezinesch Versuergung läit bal brooch: Dem Direkter vum gréisste Spidol an der Gazasträif no géifen zéng Clinique schonn net méi funktionéieren, an iwwer 90 Prozent vun de medezinesche Produiten a Medikamenter wieren opgebraucht.

De franséische President Emmanuel Macron huet virun enger Buedemoffensiv ofgeroden. Dat sot hien zu Kairo wärend senger Tournée am Noen Osten. Frankräich huet ee Militärschëff mat Spidolsinfrastrukturen u Bord a Richtung Gazasträif geschéckt.

Den US-Amerikanesche President Joe Biden, dee géint eng Waffepaus ass, huet awer dozou opgeruff d‘Zivilisten ze verschounen.