arrow_back_ios

article

article

/ Nei an der Kannerkëscht: "Dräi luusseg, muusseg Monsteren"

Kannerkëscht

|
headphones

3 min

Nei an der Kannerkëscht: "Dräi luusseg, muusseg Monsteren"

Dräi Monsteren, eng geheim Stopp ... an en Dram, dee bal e bëssen ze grouss fir si ass.

headphones

3 min

Eng nei Lauschtergeschicht fir Kanner vun 3 Joer un ass an der Kannerkëscht vum Radio 100,7 disponibel: "3 luusseg, muusseg Monsteren" eng originell, witzeg an häerzeg Serie, déi Geschichten, Lidder a Fantasie matenee verbënnt.

Et ass d‘Geschicht vun dräi Monsteren, déi guer net esou si wéi déi aner: Den Derrick, d‘Tippy an de Pluto. Si liewe verstoppt ënner engem grousse Bett, an engem klenge Raum, engem klengen Haus a klengem Duerf. Si hunn hir Stopp nach ni, wierklech ni, verlooss.

An awer dreemen den Derrick, d‘Tippy an de Pluto vun eppes anerem. Si dreemen dovun erauszegoen, d’Welt dobaussen ze erueweren, schrecklech a grujeleg Monsteren ze sinn … och wa si a Wierklechkeet éischter ganz schei sinn a sech séier beandrocke loossen.

Enges Daags ännert sech alles: Déi dräi Monstere gi gewuer, datt e jonkt Meedche kënnt, fir eng Nuecht am klenge Haus ze verbréngen an am grousse Bett ze schlofen - genee iwwer hinnen. Fir si ass dat d’Evenement vun hirem Liewen. Opgereegt, nervös an e bëssen a Panik, bereede si sech op dëst laang erwaarten Treffe vir.

Fir sech ze encouragéieren, maache si dat, wat si am léifste maachen: si sangen a si iessen.

"3 luusseg, muusseg Monsteren" ass e Lauschterspill vum Claire Thill a Catherine Kontz.

D'Claire Thill ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Regisseurin an Autrice, déi op der renomméierter Royal Central School of Speech and Drama zu London, der Ecole internationale de théâtre Philippe Gaulier a mat der SITI Company um Skidmore College (NY) studéiert huet. Si schreift zënter 2018 hir eegen Texter fir Theater, Performance a Radio.

D’Catherine Kontz ass eng lëtzebuergesch Komponistin, déi souwuel Musek fir de Concertssall, wéi fir Theater a fir Film schreift. Gär hëllt si och d’Musek aus dem Concertssall eraus, mat Soundwalks oder Podcasten. Si ass Professer vu Kompositioun um Royal College of Music zu London a leet de rainy-days-Festival an der Philharmonie.

D‘Produktioun vun "3 luusseg, muusseg Monsteren" ass en Optrag vum Radio 100,7 am Kader vu sengem éischten oppenen Appell fir Lauschtergeschichten, deen den 20. Januar 2025 lancéiert gouf.

D‘Lauschtergeschicht ass exklusiv an der Kannerkëscht vum Radio 100,7 disponibel.

Konzept, Text a Mise en scène: Claire Thill
Kompositioun an Text: Catherine Kontz
Montage an Toun: Ken Nnganyadi
Erzielerin: Pascale Noé Adam
Tippy: Magaly Texeira
Derrick: Nicolas Lech
Pluto: Konstantin Rommelfangen

Eng Produktioun vum Kollektiv Bombyx.