Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Messerattack op der Gare de Lyon zu Paräis hat keen terroristeschen Hannergrond

Paräis

D‘Messerattack op der Gare de Lyon zu Paräis hat keen terroristeschen Hannergrond

D‘Messerattack gëschter Moien op der Gare de Lyon zu Paräis hat keen terroristeschen Hannergrond, soen d‘Autoritéiten. Den Aggresseur war en 32 Joer ale Mann aus Mali, dee psychesch Problemer huet. Hien hat dräi Leit blesséiert, ng Persoun ass nach ëmmer a Liewensgefor.

auto_stories

1 min

Bei enger Messerattack waren de Samschdeg de Moien an der Paräisser Gare de Lyon dräi Persoune verletzt ginn. D'Police hätt den Täter dono verhaft. Zu der Attack koum et de Samschdeg de Moie géint aacht Auer an engem sous-sol vun der Gare. Den Täter hätt bäi senger Dot "näischt geruff" a sech no senger Verhaftung mat engem italienesche Führerschäin ausgewisen, esou d'Police.

De concernéierte Beräich war kuerzzäiteg ofgespäert ginn an et gouf Perturbatiounen am Verkéier.

D'Gare de Lyon ass eng vun de grousse Garen zu Paräis, vun do aus fueren Zich Richtung Südfrankräich, d'Schwäiz an Italien.