Nodeems de BVB mat véier Néierlagen an dat neit Joer gestart ass hunn déi Verantwortlech elo Konsequenze gezunn. Um 9 Auer huet den däitsche Fussballclub ofiziell confirméiert, datt den Nuri Sahin net méi Trainer vun der Ekipp ass.
Borussia Dortmund und Nuri Sahin gehen ab sofort getrennte Wege
— Borussia Dortmund (@BVB) January 22, 2025
Der BVB hat seinen Cheftrainer nach der enttäuschenden 1:2-Niederlage in der UEFA Champions League am Dienstagabend beim FC Bologna freigestellt.
Alle Infos:
👉 https://t.co/TufDGRXeGq pic.twitter.com/3CeC9hgAAe
De fréieren tierkeschen Nationalspiller hat de Club réischt virun der Saison vum Edin Terzic iwwerholl. Seng Bilanz huet allerdéngs net den Erwaardunge entsprach: No 18 Spilldeeg an der Bundesliga stinn déi Giel-Schwaarz just op der 10 Plaz, ganzer 20 Punkten hanner dem Leader Bayern München. An der Champions League war et schonn déi drëtten Defaite am siwente Spill.