Donald Trump geet vu politeschem Motiv aus bei Schéisserei wärend Presse-Iessen
Gëschter hat ee Mann am Sall vun engem Presse-Iesse geschoss a gouf duerno festgeholl. Hie soll haut scho virun e Riichter kommen. Den Donald an d'Melania Trump, grad ewéi aner Offizieller goufen aus dem Sall bruecht an net blesséiert. Ee Sécherheetsagent gouf blesséiert.
Donald Trump no der Schéisserei (Foto: EPA/Yuri Gripas / POOL)
Den Donald Trump sot an engem Interview, de Mann wier méiglecherweis onzefridde mat senger Politik gewiescht.
D‘Wäisst Haus sot an engem offizielle Statement, de President hätt e weidere Versuch iwwerlieft fir hien ëmzebréngen. Den Enquêteuren no géif dee Verdächtegen a Kalifornie liewen. Hie wier vun do aus op Washington gereest fir an den Hotel anzechecken, wou d‘Presse-Iesse war.