Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi eng Zukunft fir de BEKI?

play_arrow Live
search

/ Don Piano: 100,7 Aircheck Session

Video

Don Piano: 100,7 Aircheck Session

Bei eis am Studio 8 waren Don Piano fir eng 100,7 Aircheck Session. Eng Band, déi R&B, Jazz an Danzbares zu enger ganz eegener Musik zesummefüügt. Don Piano sinn zanter dem Enn vun der Pandemie zesummen ënnerwee. An der Aircheck Session huet déi jonk Band Tracks vun hirer kommender Plack gespillt.

auto_stories

1 min

Den Debüt-Album "Oxytocin", benannt no deem Hormon, wat de Kierper beim schmusen ausstéisst, kënnt den 16. November eraus. De Release-Concert ass den Dag drop, den 17. November, an der Escher Kulturfabrik

Op der Batterie an um Leadgesang: de John Wolter, op de Clavieren: d'Claire Parsons um Bass: de Mateus Wojda, begleet vum Charel Stoltz senger Gittar.