Radioen

On air

Notturno  |  Benoît Martiny Band - F The W

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ralph "Dizzy" Diseviscourt: 3.600 Kilometer ronderëm Polen

Den Hallwer Néng

Ralph "Dizzy" Diseviscourt: 3.600 Kilometer ronderëm Polen

3.500 Kilometer mussen d’Cyclisten am Tour de France an 3 Wochen hannert sech bréngen. De Ralph “Dizzy” Diseviscourt fiert a Polen eng Course mat 3.600 Kilometer. Dat awer net an 21 Etappen, mee an enger eenzeger. Béid Coursë kann een awer net matenee vergläichen, wéi den Ultracyclist dem Maurice Molitor verroden huet.

auto_stories

4 min

headphones

22 min

Ralph Diseviscourt | © Jo Diseviscourt play_arrow
Natierlech ass de Ralph Diseviscourt mam Vëlo an de Studio gefuer komm. (Foto: Jo Diseviscourt)

 

Mam Depart vum Tour de France dëse Weekend läit et op der Hand, datt een et mam Ralph Diseviscourt senger nächster Course vergläiche wëll. De Lëtzebuerger Ultracyclist fiert nämlech vun e Samschdeg un d’Race Around Poland. Dëst ass ee Parcours, deen am Uhrzeigersënn ronderëm dat osteuropäescht Land geet. Arrivée an Depart ass Warschau.

Tour du Mont Blanc: "Ech hat Blutt geleckt"

Den Ultracycling ass awer ganz aneschters wéi dat, wat d’Profie bei der Grande Boucle musse maachen. Et fiert een eleng an huet kee Wandschied. Gefuer gëtt och am Dag an an der Nuecht. Kéint den “Dizzy” da mat Bob Jungels a Co. mathalen? Éischter net, mengt de 48 Joer ale Sportler. D’Intensitéit an d’Vitess am Profipeloton sinn extreem héich.

Et ass awer do, wou de Ralph Diseviscourt seng Karriär ugefaangen huet. Als Amateurcyclist ass hie souguer 5 Mol Lëtzebuerger Zäitfuerchampion bei der Elite ouni Kontrakt ginn. E grave Vëlosaccident am Fréijoer 2011 huet hien dunn ausser Gefecht gesat. Well et am Summer awer nees an de Bee gekribbelt huet, fir op de Vëlo ze klammen, huet de Ralph Diseviscourt un enger längerer Course deelgeholl: Dem Tour du Mont Blanc. De Lëtzebuerger huet déi 300 Kilometer laang Course mat 8.000 Héichtemeter och op Anhieb gewonnen. “Ech hat Blutt geleckt”, esou den Dizzy.

De Plang fir Polen

13 Joer méi spéit steet den Ultracyclist eng éischte Kéier um Depart vun der Race Around Poland. D’Streck ass genau festgeluecht, awer net ofgespaart. Dofir musse sech d’Cyclisten och un de Code de la route halen. De Ralph Diseviscourt rechent domadder, datt hien tëschent 6 a 7 Deeg ënnerwee wäert sinn.

De Plang ass et och, déi éischt Nuecht duerzefueren, a réischt wärend der zweeter Nuecht no ronn 800 Kilometer eng kleng Paus fir ze Schlofen anzeleeën. No maximal annerhallwer Stonn soll et da virugoen.

Mecanicien, Kiné a Pensionär

De Ralph Diseviscourt ass awer net eleng ënnerwee. Eng Ekipp vun 8 Leit entouréiert hien. Zwee Stéck këmmere sech ëm ee Camper, dee matfiert. Déi aner sinn an zwou Ekippe mat jee dräi Leit opgedeelt, déi an engem Begleetauto ëmmer hannert dem Cyclist fueren. Déi Leit, déi grad keen “Déngscht” hunn, kënnen am Camper schlofen. D’Ekipp besteet ënner anerem aus Leit, déi Erfarungen am Vëlossport hunn, sief dat als Mecanicien oder Kiné. Et sinn och Pensionären dobäi, well natierlech geet vill Congé drop, fir kënnen un esou Coursen deelzehuelen. Dat ass beim Dizzy net anescht.

Wéi de Ralph Diseviscourt selwer seet wier hien an der glécklecher Situatioun, genuch Sponsoren ze hunn, soudatt hien all d’Käschten decke kann. Sue sprange beim Sport awer keng eraus. Mat bësse Chance kann een eng Corbeille oder een neien Helm gewannen.

An der Welt vum Ultracycling gëtt et awer mëttlerweil een neien Trend. Ëmmer méi Cycliste fueren nämlech ouni Begleetekipp mat. Dës Solofuerer hunn dann eng Posch um Vëlo a kënne sech op verschidde Plaze ravitailléieren. Si spueren och finanziellen a logisteschen Opwand, sinn an der Reegel awer manner séier ënnerwee. E Modus, deen de Ralph Diseviscourt aktuell awer nach net reizt.

Den Alldag bestëmmt den Training

No enger laanger Course wéi déi a Polen – déi och als Weltmeeschterschaft gëllt – mécht sech natierlech de Schlofdefizit bemierkbar. Enger Fauschtreegel no bréicht ee pro 1.000 Kilometer Course ee Mount vir ze recuperéieren, esou den Dizzy. Theoretesch kéint ee sech och e verkierzte Schlofrhythmus untrainéieren, mee als beruffstätege Familljepapp wier dat keng Optioun, erkläert de Ralph Diseviscourt.

Säin Alldag bestëmmt dann och säin Training. Praktesch all Dag fiert hie vun Nacher bei Wolz an d’Stad schaffen. Heiansdo kommen nach e puer Kilometer an der Mëttesstonn dobäi. Weekends léisst hien et awer méi roueg ugoen. Sou kënnt hien op 700-800 Kilometer pro Woch am Wanter, a ganzer 1.000-1.100 Kilometer pro Woch am Summer. Just no enger Course géing hie fir zwee Deeg net op de Vëlo klammen, gëtt de Ralph Diseviscourt laachend zou.

D’Fro, déi natierlech ze kläre bleift: Firwat deet ee sech dat un? Et ass d’Satisfaktioun no enger erfollegräicher Course, déi de Ralph Diseviscourt motivéiert. Sech no der Arrivée mat der Ekipp an den Äerm ze leien wier een emotionale Moment, deen een net mësse wëll, seet den Ultracyclist.

E Livetracker vun der Race Around Poland fann Dir hei. Depart ass nächste Samschden (6.7.2024) an der Mëttesstonn.

Lauschterenplay_arrow