Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Direkter vum Mamer Lycee hält op

Lycée Josy Barthel

Den Direkter vum Mamer Lycee hält op

De Claude Christnach wäert als Direkter vum Mamer Lycée ophalen. An engem E-Mail, dee gëschter un d’Schoulpersonal gaang ass an deen eis virleit seet de Claude Christnach datt säi Mandat den 31. Dezember géif oflafen an hie keng nei Kandidatur wéilt stellen.

auto_stories

1 min

Eng Reunioun mat all de Proffe vum Mamer Lycée déi haut geplangt war gouf ofgesot. Am Summer hat den SEW/OGBL vun Internen Dysfonctionnementer am Mamer Lycée geschwat. Rieds goung vun engem Kommunikatiounsproblem mat der Direktioun a vun engem ongesonden Aarbechtsklima an dëser Schoul mat 1.250 Schüler:innen an 170 Enseignanten. Wien Nofollger oder Nofollgerin gëtt ass nach net bekannt.