Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die goldene Bremm": Eng Plaz voller Plazen

SaarArt

"Die goldene Bremm": Eng Plaz voller Plazen

Am Kader vun der SaarArt waren dëst Joer net just Saarkënschtler queesch duerch d’Saarland ausgestallt, mee ënnert dem Motto “au rendez-vous des amis” eng éischte Kéier och franséisch a lëtzebuergesch Kënschtler dobäi. Ee multinationale Projet, dee bei der Konschtausstellung besonnesch erausstécht, ass d’Remise en Valeur vum Areal “Goldene Bremm” tëscht dem Saarland a Loutrengen.

auto_stories

6 min

Goldene Bremm | © Marius Heimburger
Foto: Marius Heimburger

A genee ëm déi Opwäertung këmmert sech de Kollektiv Bremm: Ee Grupp, dee sech aus Kënschtler, Architekten an Urbanisten zesummesetzt. D’Bremm ass een europäesche Raum, eng Plaz an eiser Groussregioun, déi bal net méi divers si kann. Et ass ee Raststättenareal, deen um südlechste Wupp vu Saarbrécken hänkt.

Den Alldag vu Camionschaufferen

Hannert enger Säit vun der Raststätt kënnt een an eng Industriezon, déi fréier eventuell fir de Fortschrëtt stoung. Dobäi fënnt een op e puer Minutten Distanz ee Fast-Food Restaurant, eng Déiereklinik mat Déierekierfecht, een Obelisk an den eidelen Terrain vun engem Gestapo-Gefaangene Lager, e puer Wunnhaiser, eng Herberg vun enger franséischer Hotelschaîne. D’Pizzeria nieft enger klenger Autosgarage dierf natierlech och net feelen. Scho bei de Luuchten iwwert der Strooss kënnt een a Vakanzestëmmung: déi sinn nämlech net u Pottoe festgemaach, mee hänken u Kabelen, wéi fréier, a klunschen iwwer engem.

Déi zwou Raststätte si vun enger hallwer Dosen Autobunnsspuere vunenee getrennt. Op där enger Säit ass een zouene Bistro aus dem leschte Joerhonnert, an eng oppen Tankstell mat Buttek, sou wéi ee se kennt. De Bistro gëtt mat Fotografien a Spanplacken e bëssi méi ongewéinlech a lieweg gemaach. Hei si méi grouss Wierker vum Lukas Ratius opgehaangen, déi Camionschaufferen an hirem Alldag weisen: Viru Camionen, Campingsstill a Gaskocher – an dat op enger Plaz, wou d’Chauffeuren hiren Alldag liewen. Op enger Autobunn a Rastätt. Dës Biller wierke wéi e Spigel, oder wéi wann et Fënsteren duerch den ale Bistro wieren.

D'Ënnerféierung ass faarweg bemoolt. | © Marius Heimburger
D'Ënnerféierung ass faarweg bemoolt. (Foto: Marius Heimburger)

Bal wéi een No man's land

Da gëtt et eng Ënnerféierung, déi ee bei eng aner verloosse Konstruktioun bréngt. De Souterrain ass mat dynamesche rouden a grénge Forme gefëllt. Et si Grafike vum Florian Budke, déi een nach méi séier duerch de klengen Tunnel zéien. E puer Meter iwwer engem knadderen d’Camionen an Autoen iwwert d’A6, an um aneren Enn vum Tunnel waart d’Dagesluucht an d’Häerzstéck vum Areal op een: ee brutalistescht Bëtons-Gebai, aus dem Joer 1969 vum däitschen Architekt Walter Schrempf.

Wa Bëton vum selwe wuessen a verwuesse kéint, géif en esou ausgesinn. Un dësem eidele beige Gebai mat grousse Fënsteren a ronnen Tuerm, ass ee faarwegen Tableau mat eckege Forme vun der Mane Hellebthal an Ulrich Behr. A just virdrun ass ee Gaart mat Äerdbieren, dee genee wéi d’Brutalistenhaus an d‘Landschaft verwiisst.

Et ass eng Plaz, déi eppes vun engem No man's land huet. Se straalt esouvill aus, net just Impressiounen, mee och Emotiounen. An da fänkt een un, ze liesen:

  • Bremm kënnt vu de Wieder ‘Brimme’ (däitsch) a ‘brême’ (franséisch) a bedeit Gënz, an aus gielem Gënz goufe Bieseme fabrizéiert.
  • 1820: De franséische Gastronom Claude Mouton mécht um Raststättenareal seng “Auberge de la brême d’or” op. Vun do kënnt och den Numm “Goldene Bremm”.
  • 1870/71: Ass d’Bremm am Kontext vun däitsch-franséische Krich eng vun de konflikträichste Plazen.
  • 1947: Aus dem fréiere Gestapo-Lager soll een Uert vun der Erënnerung ginn.
  • 1968: Den Daniel-Cohn Bendit, deen aus Frankräich expulséiert gi war, versicht op der Bremm mat 800 anere Studenten nees zréck an d’Land ze kommen. Dobäi gouf en vun den Autoritéite gebremst.
  • 1969: Een méi modernt Raststättenareal hellt Forum un.
  • 2020: Duerch nei Grenzkontrollen am Kontext vun der Covid-Pandemie gëtt d’Plaz zu engem Anti-Uert.

D'Autobunn bei der Goldene Bremm. | © Marius Heimburger
D'Autobunn bei der Goldene Bremm. (Foto: Marius Heimburger)

Eng europäesch Plaz

Mat Deel vum Kollektiv Bremm ass och den IBA-Werkstattlabor. Dësen huet sech an der Université des Sciences Appliquées vum Saarland installéiert, a sech als Zil gesat, un enger Internationaler Bauausstellung an der Grenzregioun ze schaffen. De Professer an Igenieur Stefan Ochs ass de Leeder vum Labo an huet eis verroden, datt et nom Schluss vun der SaarArt 2023 trotzdeem mat der Ausstellung op der Bremm weider goe kéint. Et erhofft ee sech zum Beispill, datt d’Rasttätt vum Walter Schrempf renovéiert gëtt, an de Bistro weider bestoe bleift.

„Ich glaube, das ist ein Ort, der wirklich europäisch ist, da ist unheimlich viel passiert in der Vergangenheit, da fahren viele Leute durch, die in den Urlaub fahren, oder auch Transporte, die LKW-Fahrer, die haben ja auch eine ganz schwierige Gegenwahrt und eine noch schwierigere Zukunft. Und ich kann nicht so tun als gibts das alles nicht. Ich kann nicht sagen ‘Hey Europa ist cool‘, aber an der Stelle, an der ich wirklich den Fokus hinlegen konnte, passiert nichts. Das ist ein Armutzeugnis. Und so arm sind wir nicht, auch nicht im Saarland.“

Déi „Goldene Bremm“ ass een Ausfluch derwäert, well een an eng ongewéinlech Géigend kënnt, an eng Raststätt erliewe kann, déi et néierens nach eemol esou gëtt.

D’Konzept an der Konscht, datt ee Wierk fir sech stoen a schwätze soll mécht hei Sënn. Et heescht jo “Reden ist Silber, Schweigen ist Gold”: der „Goldenen Bremm“ hiert ‚Schweigen‘ seet tatsächlech méi ewéi Wierder. An och wann een hire Passé net materlieft huet: et ass eng Plaz, op där ee sécher eppes fillt, wat een esou nach net direkt kennt.