Radioen

On air

Notturno  |  Cristobal And The Sea - Steal My Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Die Linke vun e Mëttwoch u keng Fraktioun méi

Däitsche Bundestag

Die Linke vun e Mëttwoch u keng Fraktioun méi

Am däitsche Bundestag verléiert d’Lénkspartei Die Linke dëse Mëttwoch hire Fraktiounsstatus. D’Partei ass net méi grouss genuch nodeems 9 Deputéiert sech ënner dem Sahra Wagenknecht ofgespléckt haten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Ofstig vun der Däitscher Lénkspartei an de leschte Jore wier schonn imposant gewiescht. Mat dem Verloscht vun hirem Fraktiounsstatus dës Woch kritt dat nach eng ganz aner Dimensioun.

Nei Konditioune fir d’Partei

Et bleiwen nach 28 Deputéierter vun Die Linke iwwreg, hir parlamentaresch Aarbecht wäerte si weiderféieren, allerdéngs ënner anere Konditiounen. Als Fraktioun krut Die Linke am vergaangene Joer iwwer eelef Milliounen Euro, als parlamentaresche Grupp wäert et däitlech manner ginn.

Iwwer 100 Mataarbechter:inne ginn dofir entlooss. Déi verbleiwend Memberen dierfen och manner laang am Parlament schwätze wéi bis elo, a beim Stelle vu parlamentaresche Froe wäerte si manner Rechter hunn.

Trotzdeem optimistesch

Den Nach-Fraktiounschef Dietmar Bartsch gëtt sech trotz de Contraintë kämpferesch.

“Damit sind Möglichkeiten und auch Einfluss wieder deutlich erhöht. Eine Gruppe kann politisch viel bewirken. Lieber einig mit 28 als zerstritten mit 38.”

Am Oktober war déi laangjäreg Lénke-Politikerin Sahra Wagenknecht aus der Partei an aus der Fraktioun ausgetrueden. Néng Deputéiert vun Die Linke hate sech hir ugeschloss, fir d’Bündnis Sahra Wagenknecht ze grënnen. Op Basis vun deem Bündnis soll Ufank 2024 eng nei Partei gegrënnt ginn.

Lauschterenplay_arrow