Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Dialog mam Bierger

Fräie Mikro

Dialog mam Bierger

D’Regierung huet wëlles, deemnächst de Quorum vun Ënnerschrëfte bei Petitiounen op 5.500 eropzesetzen. Dat Instrument vun direkter Demokratie huet sech bewäert, wann een de Succès un der Zuel vun de Petitioune moosst, déi an der Chamber debattéiert ginn. Mee ass dat ëmmer de richtege Wee, fir d’Problemer ze léisen?

auto_stories

3 min

D’Petitiounskommissioun vun der Chamber huet viru 6 Méint e Virschlag gemaach, fir de Quorum vun Ënnerschrëfte fir Petitiounen, déi an der Chamber debattéiert ginn, vu 4.500 op 5.500 eropzesetzen. De Règlement grand-ducal ass an der Plénière nach net gestëmmt ginn, mee et besteet keen Zweiwel, dass déi Ännerung duerchgeet. Déi zwou Majoritéitsparteien hunn sech nämlech an der Kommissioun mat engem Vott duerchgesat, woubäi d’Oppositiounsparteien sech entweder enthalen oder dogéint gestëmmt hunn.

Prozentsaz vun der Bevëlkerung wier méi kohärent gewiescht

D’Ännerung u sech ass éischter begréissenswäert, well duerch déi grouss Unzuel vu Petitioune kann d’Chamber déi Aarbecht kaum nach uerdentlech bewältegen. Allerdéngs hunn d’Parteien net onbedéngt geglänzt, wéi si an der Kommissioun driwwer geschwat hunn. Et ass iwwer d’Zuel gestridde ginn, well déi eng bei 4.500 bleiwen an anerer bei 5.400 oder 5.500 eropgoe wollten.

Dobäi wier et méi kohärent gewiescht, sech op e feste Prozentsaz vun der Bevëlkerung ze eenegen, deen op de leschten offizielle Statistike berout. Déi „Krämer-Konten“ sinn enger Chamber kaum würdeg.

Petitioun net mat Referendum verwiesselen

Mee och bei de Petitionäre gëtt dat Instrument net ëmmer mat Mooss gebraucht. De Journalist Luc Ewen huet dat am Summer richteg op de Punkt bruecht, wéi hien an engem Wort-Leitartikel drop higewisen huet, datt een eng Petitioun net mat engem Referendum soll verwiesselen.

Als Beispill huet hien zwou Petitioune genannt, déi all Kéier eng Géigepositioun provozéiert hunn, an déi der Chamberkommissioun Kappzerbrieches bereet hunn, wéi ee mat esou géigesätzleche Positiounen ëmgoe soll. Mat Recht huet de Journalist bedauert, datt an deene Fäll amplaz Fachkompetenz Ideologien an de Mëttelpunkt réckelen an datt déi, déi dat Instrument fir Kontroversen a Provokatioun mëssbrauchen, d’Spléckung vun der Gesellschaft virundreiwen.

Hoffen, datt Consultatiounsprozedur mat Offenheet stattfënnt

Et dierft een deemno gespaant sinn, wéi d’Diskussioun ronderëm d’Pensiounsreform wäert lafen. D’Regierung setzt hei och op den Dialog mam Bierger, an zwar duerch eng elektronesch Plattform, déi d’Virschléi vun all Interessenten opgräift, awer nëmme kuerz gefaasst – maximum 500 Schrëftzeechen. Et ginn an enger weiderer Phas och Experte geruff, déi hire Standpunkt ausdrécke kënnen. Beruffsverbänn an aner institutionell Gremie ginn och mat ageschalt.

Et ass just ze hoffen, datt déi ganz Consultatiounsprozedur mat der néideger Offenheet stattfënnt an dass d’Reform mat Wäitsiicht a Kompetenz duerchgezu gëtt.

Industrielänner lues awer sécher amgaangen ze versoen

D’Erfarung mat der Verfassungsreform war nämlech net ganz glécklech. Well d’Diskussiounen zu engem groussen Deel hannert zouenen Diere stattfonnt hunn an dat Ganzt mat Momenter zu engem politeschen an ideologesche Geplänkel ausgeaart ass. E Bléck iwwert d’Grenze weist eis op jiddefalls, wéi een et net soll upaken.

Déi meescht Industrielänner sinn nämlech och mat der Viabilitéit vun hirem Rentesystem konfrontéiert, an d’Politik ass am gaangen, op ville Platze lues awer sécher ze versoen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.