Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Désaccord tëscht der HUT-asbl an dem Personal vun der Caritas

No Finanzebedruch

Désaccord tëscht der HUT-asbl an dem Personal vun der Caritas

Bei der neier ASBL “Hëllef um Terrain” annoncéiert sech e puer Deeg virum geplangte Start vun hiren Aktivitéiten ee Sozialkonflikt. D’ASBL soll op den 1. Oktober déi national Aktivitéite vun der Caritas iwwerhuelen – an och déi 350 Salariéën, déi fir dës Aktivitéite bis ewell zoustänneg waren. D’Conditioune vun där Iwwernam suergen elo fir Sträit,

auto_stories

3 min

D'Fro ass alleguer déi 350 d'Mataarbechter:innen alleguer an dat mat all den Acquisen iwwerholl wäerte ginn. Oder ob all Persoun eenzel hir Kontrakter bei der Caritas resiliéieren an een neie bei der HUT ASBL ënnerschreiwen. 

Dat sollt a priori nach dës Woch geschéien. Bis elo huet HUT keng schrëftlech Versioun vun den neie Kontrakter virgeluecht. Wann déi 350 Mataarbechter:innen all eenzel nei Kontrakter ënnerschreiwe mussen riskéiere si mat enger Proufzäit agestallt ze ginn.

Guy Castegnaro: Keen Zweifel, datt dat Transfert d'Entreprise ass

Géifen déi aktuell Kontrakter, sou wéi vum Aarbechtsrecht virgesinn iwwerholl ginn, wier dat ee potentielle Käschtepunkt fir den neie Patron, erkläert den Affekot an Expert am Aarbechtsrecht Guy Castegnaro.

"Wann e sech da spéider wëll vun deene Salariéen trennen, dann huet en net zwee Méint Préavis, wéi dat de klassesche Fall ass bei enger ganz kuerzer Anciennetéit, mee e ka bis zu sechs Méint Préavis musse respektéieren.”

Iwwerdeems géif et dat éischt Joer keng Personaldelegatioun ginn, déi fir dat ganzt Personal kéint schwätzen. 

Juristesch gesinn, gëtt et do wéi et schéngt wéineg Zweifel, datt dat hei eigentlech een Transfert d’entreprise ass, an d’Personal automatesch iwwerholl misst ginn. Dat gesi verschidden Expertinnen a Experten esou, dorënner den Affekot Guy Castegnaro, dee gewéinlech d’Patronatssäit an esou Verhandlunge verdeedegt.

„Wann déi selwecht Aktivitéiten, genau déi selwecht Aktivitéiten, vun där neier Entitéit iwwerholl ginn tel quel, da si mir – elo ganz neutral gesinn – am Kader vun enger Betribsiwwernam wéi se eist Aarbechtsgesetz virgesäit.“

Gespréich mam Pia Oppel lauschterenplay_arrow

Argument vun HUT "Quatsch" an "absurd"

De Sträit kéint also viru Geriicht landen. Mat dann no enger laanger Prozedur méiglecherweis awer just enger symbolescher Victoire vun enger Entschiedegung fir Leit, déi elo net géifen hir Aarbechtsplaz behalen. Fir d’Personal dat iwwerholl gëtt mat manner gudde Conditioune kéint d’Geriicht eng Regularisatioun vun de Kontrakter erzwéngen, esou de Guy Castegnaro.

“Den Employeur muss dann d’Kontrakter an d’Aarbechtskonditiounen upassen un dat wat virum Transfert existéiert huet. An da muss en eventuell dat nobezuele wat d’Vergaangenheet ugeet a fir d’Zukunft regulariséieren.”

Een Argument, dat d’Personal vun der ASBL Hëllef um Terrain genannt krut ass dat hei: Et kéint een d’Personal net automatesch iwwerhuelen, well bei esou engem Transfert d’entreprise och d’Scholde vun der Caritas géife mat iwwerholl ginn.

Dat wier “Quatsch” an “absurd”, seet dozou de Guy Castegnaro: D’Scholden hätte mat deenen aarbechtsrechtlechen Obligatiounen an esou Fäll guer näischt ze dinn.

De Christian Billon, deen déi dreiwend Kraaft hannert där neier ASBL ass, seet dozou D'HUT-asbl wier eng Entreprise wéi eng aner och an dowéinst wier hien der Press keng Äntwerte schëlleg. 

OGBL rifft zu Protestpiquet op

Den OGBL hat dat ganzt Personal um Mëttwochmëtteg invitéiert fir d'Leit dovunner ze iwwerzeegen, hir Kontrakter bei der Caritas net ze resiliéieren, an och keng nei Kontrakter ze ënnerschreiwen. Dat, well HUT aarbechtsrechtlech gesinn obligéiert wier, fir d‘Kontrakter automatesch ze iwwerhuelen, esou den OGBL.

Den OGBL géif net acceptéieren, datt de Sozialdialog torpedéiert gi wier, esou iwwerdeems d‘OGBL-Presidentin Nora Back virun der Press. D‘Gewerkschaft organiséiert dofir e Freideg um 12 Auer ee Protest-Piquet virun der Caritas am Garer Quartier. 

Am Kader vun der Caritas-Affär hätt de Parquet iwwerdeems eng Enquête géint d‘Spuerkeess an d‘BGL opgemaach wéinst méiglecher Violatioun vum Anti-Blanchiments-Gesetz. Dat mellt Reporter.lu. Am August wieren et och scho Perquisitiounen an deenen zwou Banke ginn. 

Aktualitéit
Caritas