search

/ Den norwegesche Kinnek Harald V. ass dout

Am Alter vun 89 Joer

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Den norwegesche Kinnek Harald V. ass dout

Iwwer 35 Joer war den Harald V. norwegesche Staatschef. D'Populatioun war frou mat hirem Kinnek. Dat wéinst senger bescheidener, zeréckhalender Manéier a senger Rou. Haut ass den Harald V. no ville gesondheetleche Problemer mat 89 Joer gestuerwen.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Den norwegesche Kinnek Harol V. ass dout | ©  EPA/FREDRIK VARFJELL / POOL NORWAY OUT
Den norwegesche Kinnek Harol V. ass dout (Foto: EPA/FREDRIK VARFJELL / POOL NORWAY OUT)

De Kinnek huet laang ouni Skandaler regéiert. An de leschte Joren hunn awer méi jonk Membere vu senger Famill negativ Schlagzeile gemaach. An der Tëschenzäit gi sech Froe gestallt, ob déi norwegesch Monarchie nom Harald iwwerliewe wäert.

Et koum an de leschte Jore vill zesummen: Déi lescht grouss Opreegung gouf et am Juni dëst Joer wéi d’Krounprinzessin Mette-Marit, dem Harald seng Schnauer, eng nei Long krut. Hir Gesondheet hat sech wéinst enger Longefibros drastesch verschlechtert.

Virdrun hat d’Mette-Marit duerch hir Relatioune mam verstuerwene Sexualverbriecher Jeffrey Epstein negativ Schlagzeile gemaach.

Meenung zum Kinnekshaus verschlechtert sech

An dann ass do hire Fils, Marius Borg Høiby, dee si mat an d’Bestietnis mam Krounprënz Haakon bruecht hat. Hie gouf am Juni zu 4 Joer Prisong verurteelt, wéint zwou Vergewaltegungen a Gewalt géing eng fréier Frëndin.

Den Ament ass hien an Hausarrest mat elektronescher Foussfessel bis d’Urteel rechtskräfteg ass.

Dernieft huet awer och dem Kinnek Harald seng Duechter Märtha Louise an de leschte Joren ëmmer erëm fir Opreegung gesuergt, dat duerch hir Relatioun – an hire Mariage - mam Schaman Durek Verrett. Skeptesch ginn an deem Kontext hir esoteereschen Aktivitéiten observéiert, ënner anerem d’Aussoen, datt si Kontakt mat Engelen huet.

All dat mécht, datt nach just 60 Prozent (Stand Februar 2026) vun den Norweger eng positiv Meenung vum Kinnekshaus hunn. De Pilier vun der Monarchie war bis elo de Kinnek Harald. Ob et der jonker Generatioun gelénge wäert, d’Vertraue vum Vollek ze halen, bleift ofzewaarden.

E Parcous "sans faute"

Dobäi huet den Harald an de leschte 35 Joer skandalfräi regéiert. Norwegen ass eng konstitutionell Monarchie. De Kinnek huet virun allem representativ Fonctiounen, ass och de formelle Chef vun der Arméi.

Den Harald war 1991 Kinnek ginn, nom Doud vu sengem Papp, dem Olav V.

Dem Harald seng Elteren haten decidéiert, datt hien – als Kand - net privat géif enseignéiert ginn, mee an eng normal Schoul an Norwege sollt goen, wat och geschitt ass. Dono huet hien nach eng militäresch Formatioun gemaach an huet zwee Joer zu Oxford studéiert.

Den norwegesche Kinnek Harald V. am Abrëll 2025 | © EPA/FREDRIK VARFJELL / POOL NORWAY OUT
Den norwegesche Kinnek Harald V. am Abrëll 2025 (Foto: EPA/FREDRIK VARFJELL / POOL NORWAY OUT)

Harald a Sonja: En Trounfollger bestit eng Biergerlech

1968 hat den Harald - no laangem Kampf mat sengem Papp – eng Biergerlech bestuet: d’Sonja Haraldsen. Béid hunn zwee Kanner kritt: 1971 koum d’Märtha Louise op d’Welt, 1973 den aktuelle Krounprënz Haakon.

Den Harald hat dat norwegescht Kinnekshaus moderniséiert, ënner anerem, well hien et méi no un d’Populatioun bruecht huet. Hien huet och dacks déi richteg Wierder fonnt. Esou zum Beispill 2011, wéi de rietsen Terrorist Anders Behring Breivik op der Insel Utoya 77 Leit ëmbruecht huet.

De Kinnek Harald war, wéi esou vill Monarchen, och e begeeschterte Seegler. Hien huet national an international Regattae mat geseegelt a huet dräimol fir säi Land bei Olympesche Spiller matgemaach. 

Lëtzebuerger Haff reagéiert 

Op de Soziale Medien huet de grossherzoglechen Haff reagéiert. De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse soe sech an déiwer Trauer an drécken der norwegescher Kinneksfamill hire Bäileed aus. 

An der Matdeelung vum Haff ënnersträicht d'grossherzoglech Famill dem Kinnek Harald V. seng Beméiungen am Déngscht vum Fridden a vun der internationaler Gemeinschaft. Dat besonnesch am Kader vu sengen Iwwerreechunge vum Friddensnobelpräis. 

play_arrow Lauschteren