Radioen

On air

Notturno  |  The S.O.S. Band - Take Your Time (Do It Right)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien israeeleschen Ausseminister ka sech Bombardementer vun iraneschen Nuklearanlage virstellen

Noen Osten

Neien israeeleschen Ausseminister ka sech Bombardementer vun iraneschen Nuklearanlage virstellen

Den Iran wier momentan ganz ufälleg fir esou Attacken, domat kéint een eng vun de gréisste Gefore fir déi israeelesch Existenz eliminéieren, esou de Katz op der Plattform X.

auto_stories

1 min

Israel Katz | © picture alliance / AA/photothek.de | Thomas Koehler
Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Thomas Koehler

Israel hat bei enger Attack op den Iran am Oktober Radar- a Rakéiteninstallatiounen zerstéiert. Israel geheit dem Iran vir un der Atombomm ze schaffen.

Dat amerikanescht Militär huet an der Nuecht op en Dënschdeg iranesch Militärpositiounen a Syrien bombardéiert, dat huet de Pentagon matgedeelt. Et wier eng Reaktioun op d‘Attacken op amerikanesch Truppen a Syrien. Deemno wieren 9 Zieler op zwou Plaze getraff ginn. Mat den Ugrëffer sollt kloer gestallt ginn, datt Attacken op amerikanescht Militärpersonal net géifen attackéiert ginn.