Radioen

On air

Notturno  |  Sylvia - Sweet Stuff

play_arrow Live
search

/ Däitsche Finanzminister entlooss, Neiwalen an Aussiicht

Aus vun der Ampel-Regierung

Däitsche Finanzminister entlooss, Neiwalen an Aussiicht

De Christian Lindner hätt ze dacks säi Vertraue gebrach, reegelméisseg Gesetzentwërf blockéiert an ëffentlech eng fundamental aner Politik gefuerdert. Dat wier verantwortungslos a géif eng weider Zesummenaarbecht onméiglech maachen, sou de Bundeskanzler. Den Olaf Scholz wëllt de 15. Januar am Bundestag d'Vertrauensfro stellen, déi e wuel verléiere wäert. Dono géif et dann zu Neiwale kommen.

auto_stories

2 min

Olaf Scholtz | © picture alliance/dpa/AFP-Pool | Omer Messinger

De Finanzminister hätt kee Wëlle gewise fir op Virschléi am Wuel vum Land anzegoen, sou den Olaf Scholz. Fir hie wier et just ëm Klientelpolitik an dat kuerzfristegt Iwwerliewe vun der eegener Partei gaangen, sou de Bundeskanzler.

"Immer wieder habe ich in den vergangenen drei Jahren Vorschläge gemacht, wie eine Koalition aus drei unterschiedlichen Parteien zu guten Kompromissen kommen kann. Das war oft schwer. Das ging mitunter hart an die Grenze auch meiner politischen Überzeugungen. Aber es ist meine Pflicht, als Bundeskanzler auf pragmatische Lösungen zum Wohle des ganzen Landes zu drängen. Zu oft wurden die nötigen Kompromisse übertönt durch öffentlich inszenierten Streit und laute ideologische Forderungen."

De Bundeskanzler wëllt och mat der Oppositioun schwätzen

De Vizekanzler Robert Habeck an hie wiere sech eens, datt Däitschland séier Kloerheet iwwer déi weider politesch Richtung bräicht. Bis Chrëschtdag sollen dofir d'Gesetzer fir d'Stabiliséierung vun de Pensiounen an direkt Moossname fir d'Industrie am Bundestag decidéiert ginn.

De Bundeskanzler Olaf Scholz wëllt elo och mam Oppositiounsleader zesummeschaffen, fir d'Wirtschaft an d'Verdeedegung ze stäerken. Hien huet ugekënnegt, direkt Gespréicher mam Friedrich Merz ze sichen, fir konstruktiv Léisungen ze fannen.

Déi Gréng bedaueren d'Enn vun der Ampel-Regierung

De Wirtschaftsminister Robert Habeck huet de Broch vun der Ampel-Koalitioun an engem eenzele Statement virun der Press als "feelerhaft an traureg" bezeechent, besonnesch an enger Zäit, wou Däitschland europäesch Eenheet a Handlungsfäegkeet misst weisen.

D'Ausseministerin Annalena Baerbock huet bedauert, datt d'Verstäerkung vun der europäescher Sécherheet net erreecht gouf, an huet dëst als e schlechten Dag fir Däitschland an Europa bezeechent.

De Robert Habeck huet ugekënnegt, datt séier Neiwahle virbereet ginn an datt d'Regierung hir Flichte bis dohi voll erfëlle wéilt.

Lindner: SPD an déi Gréng waren net gespréichsbereet

De Christian Lindner huet a sengem Statement virun der Press betount, datt seng Propose fir eng wirtschaftlech Neiorientéierung, weder vun der SPD nach vun de Gréngen als Basis fir Diskussiounen ugeholl gi wieren. Hien huet och kritiséiert, datt den Olaf Scholz net d'Kraaft gewisen hätt, dem Land en neien Opbroch ze erméiglechen, an amplaz gefuerdert hätt, d' Scholdebrems auszesetzen, wat fir de Christian Lindner inakzeptabel gewiescht wier.