Zwar géifen d’Energiemesuren aus dem Accord d’Inflatioun bremsen an de Risiko vun enger weiderer Indextranche wier warscheinlech verréckelt, mee eng endgülteg Léisung wier doduerch net erreecht.
Steierureizer fir privat Investisseuren?
De Problem, deen dobäi virop misst geléist ginn, wier dee vum Wunnengsbau, esou de Vize-Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, Patrick Koehnen.
Dee Secteur misst een onbedéngt undreiwen, an dat mat alle Moyenen. Et dierft een och net mam Fanger op privat Promoteure weisen, wann déi dorunner Sue verdéngen, mengt de Romain Schmit.
"Mir brauchen d'Promoteuren, mir brauchen d'Investisseuren, fir déi Offer ze generéieren, déi d'Handwierk en fin de compte ka bauen."
Dat, wat de Staat, d'Gemengen an déi ëffentlech Promoteuren op de Marché géife kréien, wier ze wéineg, esou de Romain Schmit.
"Dat ass ze wéineg fir ze liewen a vill ze vill fir ze stierwen. Mee et ass e ganz laange luesen Doud, deen eis Betriber do erleiden a mat hinnen d’Beschäftegung."
De STATEC géif virschreiwen, datt am Joer 6.500 Wunnenge misste gebaut ginn, fir der demografescher Entwécklung gerecht ze ginn, esou de Patrick Koehnen. 2025 hätt een der awer just 1.000 gebaut.
500 Millioune virgesinn - 4 Milliarde bräicht een
Fir op déi 6.500 ze kommen, bräicht een Investissementer vu ronn 4 Milliarden Euro d’Joer, esou de Patrick Koehnen weider. Am Budget wiere fir d’Period 2026 bis 2029 awer just 500 Milliounen Euro d’Joer virgesinn.
Et wier also offensichtlech, datt een d’privat Investisseure misst ënnerstëtzen, seet de Patrick Koehnen.
"Wat mir fuerderen, dat ass, datt mer verschidde Mesuren, déi mer 2024 haten, datt mer déi eng Kéier reaktivéieren. Wéi den Amortissement accéléré, wéi de bëllegen acte beim Investissement locatif. Dat si Mesurë fir den Investisseur."
Och d’Aarbechtszäitorganisatioun misst op de Leescht geholl ginn, esou de Generalsekretär Romain Schmit. D’Handwierkerfederatioun fuerdert hei ënner anerem méi Flexibilitéit wat Aarbechtszäiten, Iwwerstonnen a Pausen ugeet.
"Fir d'Betriber kënne méi produktiv ze maachen, fir d'Beschäftegung an de Betriber ze securiséieren, fir e Kick ze ginn an der Ekonomie, an zu gudder Lescht awer och am Interêt vun de Salariéen."
D’Salariéë wieren nämlech op verschidde Punkte genee esou Demandeur wéi d’Patronen, esou nach de Romain Schmit. Nieft dem Logement an der Aarbechtszäitorganisatioun misst awer och endlech de Statut vum Independant moderniséiert ginn, esou eng weider Fuerderung vun der Fédération des Artisans.