Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bobby Boyd - I Like What You Do To Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den LCGB wëll de François Georges komplett aus der Gewerkschaft rausgeheien

No sengem Feelverhalen

Den LCGB wëll de François Georges komplett aus der Gewerkschaft rausgeheien

De François Georges soll komplett aus dem LCGB erausgehäit ginn. Dat schreift d‘Gewerkschaft haut an engem Communiqué, no enger Sitzung vum Exekutivbüro. Déi deementspriechend Prozedur géif an d‘Weeër geleet ginn.

auto_stories

1 min

LCGB | © LCGB
Foto: LCGB

D'Behuelen an déi rezent Aussoe vum François Georges wieren net kompatibel mat de Wäerter an dem Engagement vum LCGB a wieren der Aarbecht vun enger Persoun, déi an der Sozial- a Solidarwirtschaft schafft, net wierdeg.

Wéi mir en Dënschdeg gemellt haten, gouf de François Georges wéinst aggressivem Feelverhalen als Direkter vun der LCGB-Beschäftegungsinitiativ ProActif ofgesat. Hien hätt deemno de President Norbert Conter virun Zeien agresséiert. D‘Zeien hätten esouguer missten agräifen. Muer um Freideg soll de Verwaltungsrot vu ProActif am Detail iwwert d‘Affär informéiert ginn.