Radioen

On air

Concert  |  E grousse südkoreanesche Pianist an der Philharmonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den James Earl Jones ass gestuerwen

Stëmm vum Darth Vader

Den James Earl Jones ass gestuerwen

Deen amerikanesche Schauspiller James Earl Jones, d'Stëmm vum Darth Vader aus de Star Wars Filmer, ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

auto_stories

1 min

James Earl Jones | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: James Earl Jones

Den James Earl Jones huet an iwwer 60 Filmer matgespillt. Seng éischt Roll war am Film "Dr. Strangelove" vum Stanley Kubrick.

Den James Earl Jones gouf duerno wéinst senger legendärer Stëmm vum Darth Vader an de Star-Wars-Filmer weltberüümt. Ironescherweis hat hien als Teenager e Sproochfeeler. Hien huet getuddelt, mee grad dee Problem huet hie motivéiert, d'Schwätzen ze üben a Schauspiller ze ginn.