search

/ Den Iran an den Oman sollen een Accord iwwer de Mierespassage vun Hormus fonnt hunn

Mierespassage

|
reading time

1 min

Den Iran an den Oman sollen een Accord iwwer de Mierespassage vun Hormus fonnt hunn

Wochelaang schonn diskutéiert den Iran mam Oman iwwer de Mierespassage vun Hormus. Elo géifen et Accorde ginn tëschent béide Länner, gouf de Mëtteg zu Teheran annoncéiert. Béid Länner wieren sech, ënner anerem eens ginn, datt si sech d‘Revenue vum Schëffspassage deelen.

reading time

1 min

© EPA/IRANIAN FOREIGN MINISTRY
(Foto: EPA/IRANIAN FOREIGN MINISTRY)

Ausserdeem soll en temporäre Couloir fir d‘Schëffer amenagéiert ginn, dee spéider dann definitiv soll ginn. Dat heescht, datt d'Schëffer da just nach duerch dee Couloir dierfte fueren. 

Virum Krich am Noen Osten ass ee Fënneftel vun de weltwäite Pëtrolsliwwerungen duerch d‘Strooss vun Hormus gaangen.

Mat den USA géif et keen neie Moment ginn, heescht et nach vun Teheran. Esoulaang Washington sech net un de Protokoll vu Mëtt Juni géif halen, an de Blockage vun den iraneschen Häfen an d‘Wirtschaftssanktioune géif ophiewen, géifen et keng Gespréicher ginn.