Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Internationale Wärungsfonds mécht Recommandatioune géint d'Lëtzebuerger Logementskris

D'Offer stäerken

Den Internationale Wärungsfonds mécht Recommandatioune géint d'Lëtzebuerger Logementskris

Fir d’Logementskris ze bekämpfen fuerdert den Internationale Wärungsfonds méi Mesuren op der Säit vun der Offer a méi geziilt Mesuren op der Säit vun der Demande. Den Internationale Währungsfonds IMF huet den Dënschdeg seng järlech Ofschlosserklärung mat Recommandatioune fir d’Regierung presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / photothek | Thomas Trutschel/ photothek.de

Fir an Zukunft Krisen um Wunnengsmarché ze verhënneren, sollen ëffentlech Investitiounen an de soziale Wunnengsbau elo prioritär gemaach ginn. Dobäi soll och de Privatsecteur mat abezu ginn. Et géif net duer goen, d’Nofro unzekierpen, esou den Emil Stavrev vum IMF.

De Finanzsecteur wier resilient, esou d’Srobona Mitra vum IMF. Fir datt dat esou bléift, sollten d’Banken hir aktuell Rekordgewënner an hiert héicht Kapital op d’Säit leeën, fir géint eventuell zukünfteg Krise virbereet ze sinn.

CSSF an CAA solle viru méiglechem Regierunsafloss geschützt ginn

Den Internationale Wärungsfonds huet och Recommandatioune fir d’Kontroll vum Finanzsecteur gemaach. Esou sollen d‘Kontrollinstanzen CSSF an CAA an Zukunft virun engem méiglechen Afloss vun der Regierung ofgeséchert sinn. "Mir hu keen esou ee Regierungsafloss konnte feststellen, hei geet et drëm, fir dat och an Zukunft sécherzestellen“, esou de Wärungsfonds.

Lëtzebuerger Regierung soll eng seriö Reformpropos fir de Pensiounssystem maachen

De Pensiounssystem ass och vum IMF ënner d’Lupp geholl ginn. Et wier kloer, datt eng Reform vum Pensiounssystem ni liicht ass, esou den Emil Stavrev. Den IMF géif recommandéieren esou séier wéi méiglech eng seriö Propos fir eng Reform vum Pensiounssystem ze maachen, ënnersträicht den Emil Stavrev.

"An d’Regierung kann elo hiert politescht Kapital notzen, andeems se mat all de bedeelegten Acteuren zesummen un enger Reform schafft, déi de System nohalteg mécht an, wat ganz wichteg ass, och gerecht mécht."

Lauschterenplay_arrow