Radioen

On air

Notturno  |  Naima Joris - Walking The Cow

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wéi kommen Eltere gutt duerch d‘Pubertéit vun hire Kanner?

Eng wichteg Zäit am Liewen

Wéi kommen Eltere gutt duerch d‘Pubertéit vun hire Kanner?

Kënnt Der Iech nach un Är Pubertéit erënneren? Et ass eng immens wichteg Liewensphase, an där Zäit räift ee vum Kand zum jonken Erwuessenen. Mee fir all Bedeelegter ass d’Pubertéit keng liicht Zäit mat engem Potpourri u Gefiller.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

Patrice Moes | © Chris Zeien play_arrow
D'Patrice Moes ass .. an der Eltereschoul. (Foto: Chris Zeien)

 

D'Pubertéit fänkt fir gewéinlech am Alter vun 10 bis 14 Joer un, Meedercher fänken an der Reegel éischter u wéi Jongen.

D'Pubertéit start am Gehier

Am Gehier gi Prozesser gestart déi dofir suergen, datt d‘Hormonproduktioun ugereegt gëtt. Déi Hormoner suergen duerno am ganze Kierper fir Upassungen: D‘Schanke wuessen, genee wéi d‘Muskelen, d‘Stëmm verännert sech, d‘Hoer gi fetteg, d'Schweessdrüse ginn aktiv a sou weider.

D'Gehier an der Pubertéit: E grousse Chantchen

Net all d‘Prozesser lafen dobäi parallel of: De prefrontale Kontext ass zum Beispill dat lescht wat sech fäerdeg entwéckelt. Dee Komplex am Gehier ass responsabel fir d‘Impulskontroll a fir d‘Plangen. Doduerch erkläre sech och emotional Stëmmungsschwankungen a Gefillsexplosioune bei Eruwuessenden.

D'Kommunikatioun tëscht Elteren a Pubertäre gëtt méi schwéier

D'Kommunikatioun tëscht Elteren an Eruwuessende gëtt an der Pubertéit och méi schwéier, dofir wier et wichteg, datt een als Elteren erëm weist, datt ee sech fir den Teenager intresséiert. Et sollt een zum Beispill net nëmme froe wéi et an der Schoul geet. Och Floskele wéi "sou laangs du deng Féiss ënner mäin Dësch stells..." sollt ee vermeiden, seet d'Patrice Moes vun der Eletereschoul.

Eltere den Teenager awer och kloer Erwaardungen un hir Kanner stellen, ouni dobäi Virwërf ze maachen. Dobäi wier et generell wichteg d'Aart a Weis unzepassen, wéi een eppes seet.

Zum Beispill kéint een als Elterendeel soen:

„Ech hu lo 20 T-shirte gestreckt an déi leie lo hei.. Ech hätt gär datt déi bis den Owend am Schaf sinn.“

Dee Moment wier et dann och wichteg, datt een de Kanner merci seet.

Eltere sollten och kloer maachen, datt verschidde Reegelen net ze diskutéiere sinn, anerer schonn. Déi kéint een dann och zesummen diskutéieren andeems een Argumenter austauscht, Propose mécht an och afuerdert, sou d'Patrice Moes.

„Hei meng Propos, maach du der mol Gedanke bis de Freideg an da schwätze mer nach eng Kéier msteneen."

D'Selbstwäertgefill vun de Kanner stäerken

Teenager bewäerte sech vill selwer a si wëssen och, datt anerer si konstant bewäerten, dat ka si zum Deel veronsécheren, sou d'Expertin vun der Eltereschoul. Dofir wier et wichteg, datt een als Elterendeel déi Zäit net ze kritesch ass, hir Meenung eescht hëlt a si hir eegen Erfarunge maachen léist.

D'Schoulnoute sollt een als Elteren och net iwwerbewäerten an dofir awer och, mee och Hëllef ubidden.

Als Elteren akzeptéieren a geloosse bleiwen

Et ass wichteg, datt ee sech als Elterendeel ëmmer erëm kloer mécht, datt d'Pubertéit eng normal Entwécklung ass an där et och ups and downs gëtt. "Ech léiere mäi Kand besser kennen an d‘Pubertéit geet och eng Kéier eriwwer.

Lauschterenplay_arrow