Dem STATEC no wäerten tëschent 2025 an 2035 all Joers ronn 250 Entreprisen ee Successeur sichen. D’Plattform businesstransfer.lu soll hëllefen, de Lien tëschent Entrepreneuren, déi ophalen, an neie potentielle Successeuren ze maachen.
Ee groussen Interêt um Terrain
D’Stéphanie Damgé, Directrice vun House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce, erkläert, datt ee gemierkt hat, datt dofir awer eppes géing feelen. Eppes, fir de Cédant an den Entrepreneur a Kontakt ze setzen. De Volet vun der “transmission d’entreprise” gouf an deem Sënn och net gutt genuch promouvéiert.
Sou ass d’Plattform 2018 entstan. Um Terrain wier ee groussen Interêt, sou d’Stéphanie Damgé. Aktuell sinn 88 Annoncen drop. Dat sinn also Entreprisen, déi ee Profil gemaach hunn, fir iwwerholl ze ginn. Op där anerer Säit si ronn 300 Entrepreneuren drop, déi eng Entreprise sichen, fir ze iwwerhuelen.
Eng individuell Berodung
Den Alain Peigneux hat eng kleng Firma am Beräich vun der Comptabilitéit. Duerch Zoufall ass hien op den Internetsite gestouss. Zum Gléck, wéi hie seet. Nodeems hien ee Profil erstallt hat gouf genee gekuckt, wéi ee potentielle Successeur bei d’Entreprise géing passen. Et wier eng moossgeschneidert an individuell Berodung gewiescht, esou den Alain Peigneux.
Een Nofollger ass dunn och fonnt ginn. Natierlech huet hien net vun haut op muer d’Firma verlooss. An den éischte sechs Méint huet hien den neie Successeur nach ugeléiert a bei Clientë begleet. Dono awer hätt hie säi Kapp a Rou leeë kënnen. Automatesch géing ee sech vum Betrib distanzéieren, och wann hien nach geleeëntlech Kontakt mat sengen ale Mataarbechter hätt.
Géing hien dëse Wee nach eng Kéier aschloen, wann hien eng Entreprise cedéiere wéilt? Definitiv, esou den Alain Peigneux. De Virdeel vun der Chambre de Commerce hirer Plattform wier nämlech déi, datt keng Fraisen involvéiert wieren. Et géing de Handelskummer och net drëm goen, Suen ze maachen. Dëst wier ee klore Virdeel, esou den Alain Peigneux.