Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump huet wärend senger Presidence vun auslännesche Gelder profitéiert

Engem Bericht vun den Demokraten am Representantenhaus no

Den Donald Trump huet wärend senger Presidence vun auslännesche Gelder profitéiert

An den USA ass den Ex-President Donald Trump op en Neits an de Schlagzeilen. Hie soll wärend senger Amtszäit vu Gelder aus 20 Länner profitéiert hunn, wat géint déi amerikanesch Verfassung géif verstoussen.

auto_stories

1 min

En deementspriechende Bericht vun den Demokraten am Representantenhaus huet d‘Washington Post haut verëffentlecht. Responsabeler aus ënnert anerem China, Indien, der Tierkei, Saudi-Arabien oder dem Katar hätten 2017 an 2018 Loyeren a Rechnungen u 4 Immobilie vum Donald Trump an u säi Grupp „Trump Organization“ bezuelt, ouni datt de Kongress säin Accord dofir ginn hätt. Kadoen oder Gelder aus dem Ausland dierf den US-President nämlech net einfach esou unhuelen. Rieds geet vun am Ganze 7,8 Milliounen Dollar.