Den Trump gouf am Februar zu enger Strof vun iwwer 450 Milliounen Dollar verurteelt, well hien de Wäert vu senger Firma gefälscht hat. Duerch d‘Bezuele vun der Kautioun gëtt d‘Bezuele vun der ganzer Zomm fir elo mol ausgesat.
Wann d‘Appellsgeriicht d‘Urteel aus éischter Instanz confirméiert, muss den Donald Trump déi ganz Strof bezuelen. Wann hie gewënnt, kritt hien d‘Kautioun zeréck.