Ee weidere Grond fir seng Demissioun wier d'Spëtzekandidatur vum Monica Semedo fir d‘Europawale bei der Partei. Dat deelt hien haut der Press mat.
Den Daniel Miltgen war souwuel bei de Gemengewale wéi bei de Chamberwalen am Zentrum fir Fokus ugetrueden. D‘Nominatioun vun der Monica Semedo wier e weidere Beweis fir säi schlechte Féierungsstil. Den Daniel Miltgen gëtt un, hie wier e gudde Bekannte vun engem vun den Affer vun der Europadeputéierter. Si gouf jo zweemol vum Europaparlament wéinst Mobbing vun hire Mataarbechter sanktionéiert. Reprochen, déi si an de Frank Engel elo ofstreiden.