Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
search

/ Den Alldag vun enger Aide-Soignante

Anere Mënschen hëllefen

Den Alldag vun enger Aide-Soignante

Wat bedeit et eigentlech, Dag fir Dag fir aner Mënschen do ze sinn, si ze fleegen an ze versuergen? Mir hunn fir een Nomëtteg d’Virginie Jung begleet, eng 47 Joer al Aide-Soignante vun der Organisatioun HELP, déi zënter iwwer 20 Joer am Fleegesecteur schafft. Wärend si zu Schëffleng ënnerwee war krut eis Reporterin Sophie Schroeder een Abléck an hir alldeeglech Aarbecht.

auto_stories

5 min

Aide-soignante Illustratioun | © Bigstock / pikselstock
Foto: Bigstock / pikselstock

D’Virginie Jung ass grad bei hirer éischter Patientin fir den Dag erakomm. Dës ass 99 Joer al a wunnt eleng doheem. De Mëtteg steet als aller éischt Toilette um Programm. Virsiichteg hëlleft d’Virginie der Madamm aus der Fotell, stäipt si a begleet si de Gang erof bis an d’Buedzëmmer. Wärend mir virun der Dier waarden, erzielt d’aide-soignante, datt si dëse Beruff aus Iwwerzeegung mécht.

"C’est vraiment l’amour d’être la pour les gens. Et de les faire exister en fait."

Hir Schicht geet vu mëttes hallwer 2 bis owes 10 Auer. Zu hiren Aufgabe gehéiert et, op d’Besoine vun de Clienten ze lauschteren, erkläert si, also: undoen, wäschen, froen ob si Péng hunn, kucken, datt si eppes ze drénken hunn, an an an.

Nodeems si d’Madamm vun der Toilette erëm zréck an hir Fotell bruecht huet, kontrolléiert d’aide-soignante, datt d’Patientin och alles huet wat si brauch. No der knapp 15 Minutte kuerzer Visitt  geet et direkt bei déi nächst Patientin. Ier si weiderfiert, muss si awer nach all Informatiounen iwwer déi lescht Visitt an ee spezielle Programm op engem Smartphone antippen.

D'Zäit am Auto fir Ofzeschalten

Erëm am Auto hu mir rieds iwwer Stresssituatiounen, déi an dësem Metier opkommen, an dozou gehéiert och vill Zäit am Auto verbréngen. D’Virginie erzielt, datt si u sech gutt domat eens gëtt. D’Zäit am Auto wier fir si ee kuerze Moment fir tëschent de Visitten ofzeschalten.

"C’est quelque chose à laquelle je me suis adaptée et qui me convient totalement. Ce moment en voiture pour moi, c’est un moment, vous voyez il n’y a pas de musique, rien, c’est un moment ou je me pose et je fais mom petit moment de pause entre chaque patient, de faire passer aussi les choses."

Enk Relatioune mat de Patienten

Ukomm bei der nächster Patientin. Si ass 89 Joer al a kennt d’Virginie schonn zënter 14 Joer. D’Madamm Klomp huet haut Bauchwéi, dofir kritt si déi entspriechend Medikamenter.

Doduerch datt d’Virginie vill vun hire Patiente scho ganz laang kennt, huet si och eng gewësse Relatioun mat hinnen opgebaut. Esou géifen dacks emotional Momenter entstoen, wéi si, erëm am Auto, erzielt. Am wichtegsten wier et hir, d’Patienten zum Laachen ze bréngen. Et wéisst een nämlech ni, wéini een e Patient fir déi leschte Kéier géif gesinn. Sou ass et hir zum Beispill eemol viru puer Joer bei engem Mann gaangen, mat deem si grad nach een Ausfluch a seng Heemechtsstad gemaach hat.

"Il y avait beaucoup d’émotions de la part de ce monsieur, qui était content d’être là, en nous remerciant. Et cette personne est partie le surlendemain. Et là je me suis dit, voilà, il a fait un beau voyage, on a passé un super moment là qu’il faut se rappeler. Que chaque Moment est comme si c’est le dernier en fait."

Doduerch hätt si och dacks d’Impressioun, vill verschidden Aufgaben, an och Rollen, anhuelen ze mussen. Si missten ëmmer een oppent Ouer hunn, empathesch sinn an oppassen, wéi et de Patiente geet.

Eng Aarbecht déi een erfëllt

Am Flegesecteur ginn an den nächsten 5 Joer eng 900 nei Leit gebraucht. Déi Zuelen huet d’COPAS viru kuerzem op enger table ronde genannt. Vun der Penurie kritt d’Virginie an hirem Schaffalldag zwar net vill mat, an awer mécht hir dëse Sujet Suergen. Si freet sech, wie sech da spéider ëm si wäert këmmeren.

Déi drëtt Patientin fir haut ass 87 Joer al. Schonn zënter 20 Joer, also bal zënter der Grënnung vun HELP, kënnt d’Virginie hir am Alldag hëllefen. Si géif déi Hëllef kréien déi si bräicht an d‘Leit wieren ëmmer fein mat hir, seet si.

Eng weider véierel Stonn méi spéit geet et fir d’Virginie elo kuerz zréck op de Büro, wou si eng hallef Stonn Zäit huet, fir sech ëm d’Dokumentatioun ze këmmeren. Duerno huet si den Owend nach weider 9 Visitten um Programm stoen. Fir si wier et trotz den ustrengende Momenter een immens dankbare Beruff. Zu Lëtzebuerg wiere vill Leit eleng, an der Virginie Jung wier et wichteg, datt d’Leit sou laang wéi méiglech an hirer Dignitéit kënnen doheem versuergt ginn.

"C’est un travail qui est gratifiant, valorisant et je pense que c’est l’amour qu’on apporte chaque jour, dans la bienveillance. Parfois on est la seule visite de la journée, donc, c’est vraiment important pour eux de savoir qu’ils sont pas seuls."

Lauschterenplay_arrow


Et feelt un Aide-soignanten an et gëtt ëmmer méi schwéier der nach ze fannen, seet de Castor Aguilera, Directeur des Soins beim Reseau HELP. Mir hunn an eiser Emissioun Den Hallwer Néng mat him geschwat.

Lauschterenplay_arrow