Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Caroline Polachek - Welcome To My Island

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demonstratioune fir Fraerechter an den USA

US-Walkampf

Demonstratioune fir Fraerechter an den USA

An den USA hunn dausende Mënsche fir Fraerechter an fir d‘Recht op Ofdreiwung demonstréiert. Dat 2 Deeg virun de Presidentschaftswalen. Uechter d‘Land, dorënner och an der Haaptstad Washington sinn Demonstranten an Demonstrantinne fir den „National Women‘s March“ op d‘Strooss gaangen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Den éischte Protest an dëser Form gouf et 2017 no der Amtsféierung vum Donald Trump. Deemools hunn iwwer 3 Millioune Leit demonstréiert. Am aktuelle Walkampf an den USA spillt d‘Theema Ofdreiwung eng grouss Roll.

Déi zwee Presidentschaftskandidate Kamala Harris an Donald Trump waren iwwerdeems de Samschdeg am Swing-Staat North Carolina ënnerwee. De Samschdeg war de leschten Dag op deem Wieler a Wielerinne fréizäiteg konnte wiele goen. 3,8 Milliounen US-Amerikaner hu schonn hir Stëmm ofginn.