search

/ Demokrat Zohran Mamdani gewënnt Buergermeeschterwal

New York

|
headphones

1 min

Demokrat Zohran Mamdani gewënnt Buergermeeschterwal

Dee 34-Joer ale Zohran Mamdani ass am Uganda gebuer a gëtt deen éischte mosleemeschen an dee jéngste Buergermeeschter vun där gréisster amerikanescher Stad New York. An enger Ried sot hien, seng Victoire géif de Wee weisen, wéi ee géint den Donald Trump gewanne kann.

headphones

1 min

Demokrate Zohran Mamdani | © EPA/SARAH YENESEL
Demokrate Zohran Mamdani (Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Den Trump hat virun der Wal dermat gedreet, federal finanziell Mëttel fir New York ze sträichen, wann de Mamdani géif Buergermeeschter ginn. Fir seng Wal ze verhënneren hat den Trump dee fréieren demokratesche Gouverneur Andrew Cuomo ënnerstëtzt.

Sozial Programmer ausbauen

Deen neie Buergermeeschter Zohran Mamdani huet wëlles ënner anerem Millionäre méi héich ze besteieren, sozial Programmer auszebauen, an zu New York e gratis Bustransport a Mesurë géint déi héich Loyeren anzeféieren.