Informatioune vun Orpea no wier d’Ouverture vun der Struktur fir Summer/Hierscht dëst Joer geplangt. Wéi weider aus der Äntwert vum zoustännege Ministère ervirgeet, wieren 2022 an 2023 jeeweils zwou Kontrollen am Altersheem vun Orpea zu Märel gemaach ginn.
Orpea war virun zwee Joer an ee Skandal verwéckelt, well Mësshandlungen an hiren Altersheemer a Frankräich opgedeckt goufen. Am Kader vum neie Qualitéitsgesetz fir Servicer fir eeler Leit, dat den 1. Mäerz a Kraaft trëtt, sollen d’Agremente vun de concernéierte bestoende Servicer fir eeler Leit erneiert ginn. Dat präziséiert den zoustännege Ministère nach an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.