Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yazmin Lacey - The Feels

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Delai fir vun der CNS Rechnungen zeréckbezuelt ze kréien läit aktuell bäi 6-8 Wochen

Gesondheet

Delai fir vun der CNS Rechnungen zeréckbezuelt ze kréien läit aktuell bäi 6-8 Wochen

Den Delai bei der CNS fir den Traitement vu Rechnunge läit aktuell bei sechs bis aacht Wochen. Dat äntwert d’Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Martine Deprez | © Julien Warnand / SIP
Martine Deprez (Foto: Julien Warnand / SIP)

Dat géif haaptsächlech dorunner leien, datt de Service "Prestations en nature maladie et maternité" vun der Gesondheetskees mat enger konstanter Augmentatioun vun den Demandë fir e Remboursement konfrontéiert wier a mat Schwieregkeete Personal ze rekrutéieren, erkläert d’Martine Deprez an hirer Äntwert.

Fir Delaien ze verkierzen, hätt d’CNS en neie Projet lancéiert mam Zil d‘Quantitéit u Rechnungen, déi kënne vum Computer erfaasst ginn, eropzesetzen. De Paiement immédiat direct, also dee System, iwwert dee Rechnungen direkt beim Dokter vun der CNS rembourséiert ginn, wier vum 19. Mäerz un och fir Spezialisten an Zänndokteren accessibel. Dee System muss allerdéngs fir d‘éischt vun enger externer Firma an de Praxissen installéiert ginn. D‘Regierung accordéiert fir all PID deen an engem Cabinet installéiert gëtt eng Primm vun 625 Euro.