Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Déiereschutzorganisatioun fuerdert staatlech Kontroll vun Déierepensiounen

Nom Dout vu 5 Hënn

Déiereschutzorganisatioun fuerdert staatlech Kontroll vun Déierepensiounen

Nom Dout vu 5 Hënn an enger Hondspensioun, fuerdert d’Déiereschutzorganisatioun Frida eng staatlech Kontroll vun den Déierepensiounen.

auto_stories

1 min

Hond | ©  picture alliance/dpa | Christian Charisius
Hond (Foto: picture alliance/dpa | Christian Charisius)

Domat reagéiert d’Déiereschutzorganisatioun drop, datt d’Veterinärs- a Liewensmettelverwaltung ALVA den Dënschdeg kloer gestallt huet, datt si duerchaus déi sinn, déi mussen eng Autorisatioun ausstellen – awer net fir ze kontrolléieren, ob et Pensioune ginn, déi keng esou eng Autorisatioun hunn.

D’Verantwortung géif bei de Bedreiwer selwer leien, esou d’ALVA. Déiereschutzorganisatioun Frida ass der Meenung misst awer de Staat awer elo Verantwortung iwwerhuelen. Eng Méiglechkeet wier et beispillsweis den Agents municipauxen den Optrag ze ginn, ze kucken op d’Déiere gechippt sinn oder mol Kontrollen an den Déierepensiounen ze maachen.