arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déidlech Messerattack um Lampertsbierg: Den Täter huet d'Affer net kannt

Justiz

|
reading time

1 min

Déidlech Messerattack um Lampertsbierg: Den Täter huet d'Affer net kannt

De Mann, dee verdächtegt gëtt de 27. Januar an enger Wunneng um Lampertsbierg eng Fra erstach ze hunn, sëtzt nach ëmmer an Untersuchungshaft. Wéi de Parquet matdeelt, wier de 27 Joer ale belsche Staatsbierger, deen net zu Lëtzebuerg wunnt, eng weider Kéier verhéiert ginn.

reading time

1 min

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

Donieft gouf eng international Demande d‘entraide judiciare an d‘Wee geleet. D‘Autoritéite waarden elo op méi kloer Äntwerten a Resultater, notamment och wat psychiatresch a psychologesch Expertisen ugeet. 

Beim aktuelle Stand vun der Enquête konnt keng Verbindung tëschent dem Täter an dem Affer nogewise ginn. Nieft der Fra, déi ëm d'Liewe komm ass, gouf eng weider Fra blesséiert

Et gëllt weiderhin d‘présomption d‘innocence.