search

/ Déi franséisch Justiz steet wéinst dem Fall Lyhanna staark ënner Drock

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi franséisch Justiz steet wéinst dem Fall Lyhanna staark ënner Drock

Frankräich steet weiderhin ënner Schock wéinst dem Mord vum jonke Lyhanna am Südweste vum Land. En Donneschdeg war d’Läich vum Meedche fonnt ginn. De Fall huet vill Froen iwwer de Fonctionnement vun der Justiz opgeworf, d'Regierung fuerdert elo Konsequenzen. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/GUILLAUME PINON
(Foto: EPA/GUILLAUME PINON)

6.000 Persoune koume gëschter zu Fleurance, dem Heemechtsduerf vum Lyhanna, fir eng Marche blanche zesummen. 

"Eis kleng Welt ass zesummegebrach", sot d’Tatta vum 11 Joer jonke Meedchen. Och de Buergermeeschter vum Duerf huet d’Wuert ergraff a sot et kéint een net esou maachen, wéi wann dëse Fall een Eenzelfall an engem System wier, dee soss gutt géif funktionéieren.

Haaptverdächtegen hätt den Autoritéite misse bekannt sinn

Den Haaptverdächtegen ass een 41-Joer ale Mann, de Papp vun enger Frëndin vum Lyhanna, deen den Autoritéiten net onbekannt ass. Zënter 2017 goufen et nämlech op d'mannst 7 Plaintë wéinst sexuellen Iwwergrëffer op Mannerjäreger géint de Mann. Leschte Summer hat ee jonkt Meedchen der Police gesot, hien hätt hatt vergewaltegt. An trotzdeem gouf de Mann keng eenzeg Kéier vun den Autoritéite befrot.

Dëse Fait wier net akzeptabel, sot de President Emmanuel Macron. Och den Inneminister Laurent Nunez huet gëschter Owend op France 2 kloer Wierder fonnt: Dëse Fall hätt kënne verhënnert ginn.

Fall soll am a fir de Justizapparat net ouni Konsequenze bleiwen

De Justizminister Gerald Darmanin wëllt dëst Versoe vun der Justiz net ouni Konsequenze loossen. Haut kënnt hie mat de Procureur-générauen zesummen. Den Darmanin fuerdert, datt bis de 14. Juli all Fäll vu sexueller Gewalt u Mannerjäregen, déi en Attente sinn, genee investigéiert ginn. Et handelt sech hei ëm schätzungsweis 70.000 Fäll.

D’Parteien a Frankräich reagéiere mat ganz ënnerschiddleche Fuerderungen op de Fall Lyhanna. Beim Rassemblement National (RN) an de Republikaner (LR) wëllt een eng méi haart Bestrofung fir Pedokrimineller an eng méi staark Iwwerwaachung a Sanktionéiere vum Justizapparat. Bei der Gauche stellt een de Schutz vun de Kanner an de Fokus a rifft de Gerald Darmanin op ze demissionéieren.

play_arrow Lauschteren