"Eng Nuecht an der Philharmonie" heescht et de Freideg, 28. November 2025, vun 19 Auer bis Mëtternuecht.
D’Kannerradionuecht ass eng Invitatioun u Kanner am Grondschoulalter, fir mam Radio (an ouni Ecran) e spannenden, informativen a flotten Owend ze verbréngen. Dëst Joer steet d'Musek, virun allem déi klassesch Musek, am Mëttelpunkt. Mir lauschtere spannend Geschichten, besichen e Geiebauer, maache Spiller, preparéiere passend Iessen a Gedrénks a lauschtere just déi Musek, déi eis gefält.
D’Kannerradionuecht ass eng Experienz, déi vu Kanner matgestalt gëtt an un där sech jidderee ka bedeelegen. D'Initiativ riicht sech un all d'Kanner, sief et an der Famill, am Frëndeskrees oder awer och am Veräin, der Maison relais oder der Klass, där ëmmer méi uechter d'Land deen Owend zesummen an der Schoul iwwernuechten. Wann s du dech am Virfeld umells, schécke mir dir an all Kand an dengem Grupp e Matmaachheft mat Spiller, Rezepter, Quizzer, Hannergrondinformatiounen an dem Text vum offizielle Kannerradionuecht-Song fir matzesangen. Kanner, déi ugemellt sinn, kënnen och matbestëmmen, wéi eng Lidder um Radio gespillt ginn.
Ënner all de Gruppen, déi sech umellen, siche mir der e puer eraus, déi mir am Laf vun der Kannerradionuecht besiche kommen. Déi Kanner kënne live um Radio matschwätzen an eppes gewannen. Den Haaptpräis ass eng Visitt um Radio.
Umelle kënnt dir iech op kannerradionuecht.lu