arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den MSP 100,7 krut de Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht® fir Betriber

An eegener Saach

|
reading time

1 min

Den MSP 100,7 krut de Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht® fir Betriber

Eise Sender ass fir säin Engagement am Beräich vum Ëmwelt- a Klimaschutz ausgezeechent ginn. Mir krute vun der SuperDrecksKëscht® de Qualitéitslabel an de Certificat iwwerreecht, dee fir ee Joer gülteg ass.

reading time

1 min

De Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber gouf un de Média de service public 100,7 verginn. Mat der Ëmsetzung vum Konzept vun der SuperDrecksKëscht dréit den MSP 100,7 aktiv dozou bäi, Offäll ze vermeiden, Ressourcen ze schounen an d'Ëmwelt an d'Klima ze schützen.

E wichtege Bestanddeel vum Konzept ass och d'Bedeelegung vun eise Mataarbechter:innen. Duerch Informatioun a Sensibiliséierung droen si dozou bäi, datt eng nohalteg Offallgestioun am Alldag gelieft gëtt.

Mat der Auszeechnung verflichte mir als Média de service public 100,7 eis all Joer enger neier Iwwerpréiwung z'ënnerzéien an och an Zukunft d'Offallvermeidung an eng nohalteg Offallgestioun konsequent weiderzeféieren.