Déi Lénk wëllen iwwerdeems, datt d'Rechter vun de Plattformaarbechter:innen an Zukunft vun den nationale Gewerkschafte soll verdeedegt ginn.
Déi Lénk wëllen Drock op d'Regierung maachen
No 2022 ass et schonn déi zweet Gesetzespropos vun déi Lénk zum Thema Plattformaarbecht.
Si wéilten elo Drock op d'Regierung maachen, esou den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum.
"Woubäi ee muss soen, datt den aktuellen Aarbechtsminister jo ugekënnegt huet, datt en zumindest nach dëst Joer wéilt e Projet de loi vun der Regierung presentéieren. An et ass an där Optik, datt mer dat hei och wëllen elo deposéieren, fir ze soen, dir hat och laang genuch Zäit. A wann eng kleng Partei wéi mir et fäerdeg bréngen, eppes ze developpéieren, wat hieb- und stichfest ass, da misst am Fong eng Regierung och dozou capabel sinn."
D'EU-Direktiv war 2024 vum EU-Rot an dem Europaparlament guttgeheescht ginn. Si léisst den EU-Memberlänner awer op ville Punkte Fräiheete bei der Ëmsetzung. Bis ewell huet nach kee Memberland d'Direktiv ëmgesat.