Radioen

On air

Tockcity  |  Albertine Sarges - Girl Missing

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Deepseek: Eng gutt Konkurrenz fir d'USA, fënnt Uni-Professer

Kënschtlech Intelligenz

Deepseek: Eng gutt Konkurrenz fir d'USA, fënnt Uni-Professer

Fir de Wettbewerb wier et gutt, datt China eng eege Kënschtlech Intelligenz op de Marché bruecht huet. Dat seet de Christoph Schommer, Professer am Beräich Kënschtlech Intelligenz op der Uni lu.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Deepseek | © PhotoGranary/Adobe Stock play_arrow
Deepseek (Foto: PhotoGranary/Adobe Stock)

Déi chineesesch KI Deepseek funktionéiert änlech wéi ChatGPT, erkläert de Christoph Schomer. Hie géif, wat Performance ugeet, keng grouss Ënnerscheeder feststellen.

D‘Fro stellt sech awer, wéi zouverlässeg a vertrauenswierdeg Deepseek ass. BBC huet an engem Artikel geschriwwen, datt op d‘Fro, wat 1989 op der Tiananmen Plaz zu Peking geschitt ass, vun Deepseek keng Äntwert kënnt.

Europa huet Nohuelbedarf

De Christoph Schommer geet dovun aus, datt dës Zensur mat der Zäit och kéint zouhuelen. Lo fir den Ufank géif et awer mol drëms goen, ee gutt Image no baussen ze weisen an als Géigepol zu den Offeren aus den USA ze wierken. Bis elo haten d‘USA keng Konkurrenz wat déi Kënschtlech Intelligenz ugeet. 

Fir de Wettbewerb ass Deepseek gutt. De Christoph Schommer gesäit elo Europa an der Responsabilitéit, och eng eege KI op de Marché ze bréngen.

Interview mam Christoph Schommer

Lauschterenplay_arrow