Viru senger Karriär an der Politik war den Norbert Haupert am Enseignement an tëschent 1987 an 1989 Direkter vum Escher Lycée Technique. Dunn awer gouf hien Administrateur général am Ministère des classes moyennes et du tourisme, deemools ënner dem Fernand Boden.
Den Norbert Haupert war 2018 och den éischte President vum Kierchefong. E Mandat, dat hien 3 Joer laang gemaach huet.
De Kierchefong mécht d’Gestioun vun de Gidder, déi him vun de Kierchefabricken iwwerdroe goufen. D’Membere vum Kierchefong gi vum Äerzbëschof genannt.
En aktiven a passive Sportsmann
An Erënnerung bleift de Verstuerwenen virun allem awer och fir seng sportlech Aktivitéiten. An den 1970er war den Norbert Haupert President vun der Liichtathletikfederatioun. Tëschent 1989 an 1999 stoung hien un der Spëtzt vum COSL, dem olympesche Comité. 1999 koum d’Demissioun, well hien an d’Politik wollt.
A méi jonke Joren huet den Norbert Haupert aktiv Sport gemaach a war fir Lëtzebuerg 1960 bei den olympesche Spiller zu Roum. Hie war an den 1960er zweemol Sportler vum Joer an hat iwwregens 40 Joer laang e Lëtzebuerger Rekord op der Distanz vun 1.000 Meter.
Am September 2024 war den Norbert Haupert Invité an eiser Emissioun "Sot emol".