Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wuertspiller

Album vun der Woch

De Wuertspiller

Zwielef queer Libesgeschichten erzielt de schottesche Songer-Singschreiwer Hamish Hawk op sengem neien Album "A Firmer Hand". A kleet seng mol méi, mol manner autobiographesch Skizzen an e Sound, deen un The Smiths erënnert, awer och u Franz Ferdinand oder d'Britpop-Vertrieder vu Pulp.

auto_stories

3 min

"He said deathwise, I want to be cremated" - dat ass déi éischt Zeil vum éischten Titel op "A Firmer Hand". En Album, deen esou ufänkt, deen huet op alle Fall net den Usproch ëm all Präis ze gefalen. Et ass e Konzeptalbum, awer net den Doud ass hei d’Theema, wéi d'Introduktioun et kéint undeiten, mee d'Léift. An engem Interview huet den Hamish Hawk säi Wierk beschriwwen als "anthology of diary entries, homoerotic encounters, vainglorious men and unreliable narrators". No senger viregter Plack "Angel Eyes" aus dem Joer 2023, wollt hien ausdrécklech iwwer homosexuell Bezéiunge schreiwen, esou wéi heterosexuell Songschreiwerinnen a Songschreiwer dat jo och emol méi oder manner explizitt maachen. Heiansdo denkt een dobäi un d’Taylor Swift, well den Hamish Hawk genee esou ouni Gnod ka mat realen oder erfonnte Partner ofrechnen - awer hie mécht dat ni ouni Humor oder verbal Eleganz. An Titele wéi "Machiavelli’s Room", "Autobiography of a Spy" oder "Men Like Wire" feelt et net u Sätz, déi ee genee esou wéilt zitéieren, oder Zeilen an deenen "Protestant Glass" gereimt gëtt op "All Things Must Pass". An der Single "Big Cat Tattoos" heescht et zum Beispill:

How I used to like to watch you fixing me a drink
'Til manhandling the crystalware, became your kink
You vetoed everyone of my miserabilist movies
You bored my friends from out of town with the virtues of shoegaze
You've all the upright strength of an infant's neck
And yet, and yet, and yet, and yet

Kee gefällege Pop

A wéi d’Taylor Swift huet och den Hamish Hawk eng gewësse Virléift fir dat sougenannten "name dropping". De Jacques Brel an de Frankie Valli trieden hei genee esou op, wéi dem Elvis Presley säi legendäre Manager Colonel Tom Parker an de Jesus. 

Musikalesch verbënnt den Hamish Hawk awer näischt mam gefällege Pop vun enger Taylor Swift. Hie verstoppt net seng Bewonnerung fir d'1980er Band The Smiths an hire genee esou eloquente wéi streiderege Frontmann Morrissey. A sengem Elterenhaus goufe virun allem d'Klassiker gelauschtert, vu James Taylor iwwer Elton John bis bei d'Rolling Stones, als Teenager huet den Hamish Hawk (Joergang 1991) Franz Ferdinand entdeckt, d'White Stripes an d'Libertines. Op "A Firmer Hand" bezitt hie sech awer och op den Album "This Is Hardcore" vu Pulp aus dem Joer 1998, deem seng Direktheet, an deelweis och emol méi explizitt Texter hien encouragéiert hunn ouni Filter ze schreiwen. Iwweregens ass den Hamish Hawk haaptsächlech fir d'Wierder zoustänneg, d'Kompositiounen an d'Arrangementer komme vu senge Bandkolleegen Andrew Pearce a Stefan Maurice. Et ass him awer wichteg, datt seng Lidder och solo kënne funktionéieren, dofir baut hie se dacks op wéi kleng Theaterstécker, bei deenen hie säi Publikum duerch ganz ënnerschiddlech Stëmmunge féiert. Iwweregens wollt hien als jonke Mann emol Schauspiller ginn, dat huet awer net geklappt.

Den Tom Taylor huet a senger Kritik vum Album am Far Out Magazine ganz treffend geschriwwen: "Full of character and play, 'A Firmer Hand' is an entrancing noir indie musical". Hei feelt et weeder u Poesie an Humor, nach u Melodien oder Déift. An engem gutt sortéierte Plackeschaf sollt tëschent The Smiths, Pulp a Franz Ferdinand op alle Fall eng Plaz fir den Hamish Hawk gelooss ginn.