Radioen

On air

Notturno  |  Adrian Crowley - Northbound Stowaway

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Wladimir Putin huet eng Waffepaus iwwer Ouschteren annoncéiert, Kiew proposéiert d'Paus op 30 Deeg ze verlängeren

Krich an der Ukrain

De Wladimir Putin huet eng Waffepaus iwwer Ouschteren annoncéiert, Kiew proposéiert d'Paus op 30 Deeg ze verlängeren

De russesche President Wladimir Putin huet de Samschdeg Mëtteg iwwerraschend eng kuerz Waffepaus iwwert Ouschteren am Krich géint d'Ukrain annoncéiert, an zwar fir 30 Stonnen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Hien hätt dësen Uerder och un d'Truppe weiderginn. Déi Waffepaus wier aus humanitäre Grënn decidéiert ginn, huet et aus dem russesche Verteidegungsministère geheescht – de reellen Hannergrond bleift onkloer.

D'Waffepaus schéngt och net konsequent respektéiert ze ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj seet a verschiddene Regioune laanscht d'Front géif weider gekämpft ginn, op anere Plaze wier et wuel awer méi roueg. Kiew huet iwwerdeems eng Verlängerung vun der Waffepaus op 30 Deeg proposéiert.