arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Vatikan schléisst 6 äerzkonservativ Bëscheef vun de Piusbridder aus der Kierch aus

Kathoulesch Kierch

|
reading time

1 min

De Vatikan schléisst 6 äerzkonservativ Bëscheef vun de Piusbridder aus der Kierch aus

Déi äerzkonservativ Piusbruderschaft aus der Schwäiz huet véier Bëscheef geweiht, géint den ausdréckleche Wëlle vum Poopst. Dofir goufen déi véier, grad ewéi zwee aner Bëscheef exkommunizéiert. Domat verléiere si hir kierchlech Ämter.

reading time

1 min

Mam Weie vun deene Bëscheef wier een "Akt schismatischer Natur" duerchgefouert ginn, esou d'Erklärung vum Vatikan. Domat ass eng Handlung gemengt, déi als Zil huet, déi kathoulesch Kierch ze splécken. 

Dës Decisioun geet zeréck op ee Joerzéngte laange Sträit an der kathoulesch Kierch. D'Piusbruderschaft steet am Konflikt mam Zweete Vatikanesche Konzil, duerch deen ënner anerem Massen op Landessproochen erlaabt gi sinn. Och stoung d'Bruderschaft an der Kritik, well se de britteschen Holocaust-Leugner Richard Williamson geweit hat.