Radioen

On air

Kultur um 5  |  Dessy Mesk - Now And Again

play_arrow Live
search

/ De Streik um Fluchhafe Charleroi geet virun

Fluchverkéier gestéiert

De Streik um Fluchhafe Charleroi geet virun

Haut um Freideg gëtt weider um Fluchhafe vu Charleroi an der Belsch gestreikt. All d'Vollen, also d'Arrivéeën an Departe vu Charleroi aus, sinn domat annuléiert.

auto_stories

1 min

Charleroi | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Charleroi (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Den Donneschdeg hat d'Buedempersonal d'Aarbecht spontan néiergeluecht. Et waren eng 30.000 Passagéier concernéiert.

D'Personal wiert sech géint d'Aarbechtsconditiounen, eng Reunioun tëschent Gewerkschaften a Patronat huet zu kengem Resultat geféiert. De Moie soll weider matenee geschwat ginn.