arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staat huet den Ament net Wëlles fir d‘Schlass vun Aansebuerg ze kafen

Denkmalschutz

|
reading time

1 min

De Staat huet den Ament net Wëlles fir d‘Schlass vun Aansebuerg ze kafen

An enger parlamentarescher Fro vun der LSAP äntwert de Finanzminister Gilles Roth, datt de Staat fir den Ament keng Pläng fir den Opkaf vun der bal 900 Joer aler Buerg huet. An der Press war iwwerdeems rieds, datt eng Immobilière aus der Schwäiz den Optrag kritt hätt se ze verkafen.

reading time

1 min

© Chateau d'Ansembourg
(Foto: Chateau d'Ansembourg)

Op den Optrag ass den CSV-Minister a senger Äntwert net agaangen. Wat Oplagen ugeet erënnert de Gilles Roth drun, datt d‘Buerg ënner Denkmalschutz steet an datt Aarbechten zwar méiglech wieren, mee virdrun autoriséiert misste ginn.