Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes & Jacob Mann - Next To

play_arrow Live
search

/ De Siren’s Call 2025 wäert net sinn

2025 rifft d’Melusina net

De Siren’s Call 2025 wäert net sinn

De Museksfestival Siren's Call am Stater Gronn fält d'nächst Joer definitiv an d'Waasser. Et gëtt keng Editioun 2025, an et kéint sinn, datt de Siren‘s Call ganz ewech fält. Dat confirméiert d'Ainhoa Achutegui, Direktesch vun Neimënster am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Datt de Siren’s Call ënner kengem gudde Stär stoung, konnt een d'lescht Joer live materliewen, wéi de Festival net just metaphoresch an d'Waasser gefall war. Vill Leit hate sech iwwer de spéiden Desistement vun der Kim Gordon opgereegt, wärend de Public am Melusina wéi op enger Arche Noah ouni Déiere mee mat ze vill Mënsche stoung. 

Net de gewinnte Subsid accordéiert kritt

Béid Partner féiere budgetär Grënn als Haaptursaach un, datt de Siren‘s Call net méi soll stattfannen. Sponsore wieren ewechgefall, an och de Kulturministère hätt de gewinnte Subsid net accordéiert.

Dee bestätegt dat nëmmen deelweis an äntwert dem 100,7 schrëftlech:

“Fir d‘Editioun 2025 huet den Organisateur vum Siren’s Call bis dato nach kee Subside beim Ministère ugefrot. D’Enveloppë vun der Subside-Kommissioun gëtt all Joer nei verhandelt. De Kulturministère schafft aktuell un der Enveloppe fir de Festivalsecteur fir 2025. Doriwwer gëtt zäitno kommunizéiert.”

Grouss finanziell Verloschter no 2024

Déi verwënschen Editioun 2024, déi an ee grousse Stuerm gerode war a vun där ee groussen Deel um Enn guer net konnt stattfannen, schéngt dës Decisioun effektiv mat precipitéiert ze hunn. Déi finanziell Verloschter wiere grouss gewiescht, den Debriefing en Desaster, heescht et vu béiden Haaptpartner.

D'Decisioun d'Editioun 2025 net ze organiséieren, an och dat allgemengt Weiderbestoe vum Festival a Fro ze stelle, gouf mat Bedauere geholl, wéi de Michel Welter, Programmateur a Partner vum Atelier, kloer ausgedréckt. Et wier ëmmer eng schéi Geleeënheet gewiescht, Gruppen ze programméieren, déi hinne selwer ganz um Häerz geleeën hätten, "Coup-de-coeuren".

De Siren's Call war ni als lukrative Projet geduecht - éischter e bëssen eppes wéi déi schéi Plaz am Gronn bei der Schleis - eng Spillwiss.

Zesummenaarbecht tëschent Atelier an Abtei Neimënster bleift bestoen

Datt de Siren’s Call mat grousser Warscheinlechkeet ofgesot ass, stellt awer net d’Zesummenaarbecht vun der Abtei a vum Atelier a Fro, betount d'Ainoah Achutegui. Concerten, déi vun oder zesumme mat A-Promotions organiséiert sinn, wäerte weiderhin hir Plaz am Neimënster fannen, an et ass ee glécklech mateneen, och wat de Choix vun de Museker a Gruppen ugeet. 

Op d'Fro, ob et net schued wier e Festival ze verléieren, deen op androcksvoll Manéier privat an ëffentlech Acteuren zesummebruecht huet, d'Stad mat villen Aktivitéite belieft huet, an och vill Visibilitéit fir déi lokal Musekszeen abruecht huet, äntwert de Ministère dat hei:

“Am Joer 2023 huet de Kulturministère 26 Museksfestivalle finanziell ënnerstëtzt, d’Statistike vun 2024 ginn am Moment nach analyséiert. Vun de Festivallen, déi ee Subsid kruten, ënnerstëtzt ee groussen Deel lokal Kënschtler a Kënschtlerinnen. De Minister an de Kulturministère gesinn et weiderhin als Prioritéit Museksfestivallen an alle Regiounen an déi national Musekszeen ze stäerken.”