Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Schëffsponton zu Schengen gëtt ofgerappt

Transport wier ze riskant

De Schëffsponton zu Schengen gëtt ofgerappt

An der Diskussioun ëm den Ofrëss vum Schëffsponton zu Schengen bléift den Ekonomie- a Tourismusminister Lex Delles beim urspréngleche Projet, datt de Ponton wäert ofgerappt ginn. Et wieren an de leeschte Jore vill Optiounen zum Transport vum Ponton gepréift ginn. Dat géif awer ze vill Risike mat sech bréngen.

auto_stories

1 min

Dat ergeet och aus dem Rapport d’avis technique, deen dem 100,7 virläit. D’Propos vun engem privaten Investisseur, de Ponton ze kafen, fir op enger anerer Plaz e Vakanzewunnengskomplex draus ze maachen, wier kee Grond néi Diskussiounen iwwer den Ofrëss vum Ponton ze lancéieren, sou de Lex Delles. Et kéint een de Ponton net einfach „D‘Musel op an of féieren“, well e soss riskéiert ze kippen.

„Et ass esou, datt dee sur place gegoss ginn ass, dat ass eng tonneschwéier Konstruktioun, wou de Risiko besteet, datt dee kippt.“

Wann e kippe géif, wier déi ganz Schëfffaart op der Musel blockéiert, ënnersträicht de Lex Delles.

„An dofir, an dat ass dat Wichtegst, ass de Projet jo och unanime am Gemengerot zu Schengen gestëmmt ginn.”

Ausso vum Lex Dellesplay_arrow

D’Oppositioun vu Schengen hat an engem Schreiwes de Stopp vum Ofrëss gefuerdert, dat well e privaten Investor sech gemellt hat fir de Ponton ze kafen.