Deen 88-Joer ale Poopst Francois ass zanter e Freideg an enger Klinik zu Roum. Seng medezinesch Behandlung wär weiderhi schwiereg a komplex, esou de Vatikan.
No der neier Diagnose bräicht hien elo absolut Rou, huet de Vatikan matgedeelt. Et wier iwwerdeems net méi rieds dovun, datt hie geschwë kéint aus der Klinik entlooss ginn. An der Tëschenzäit kommen och Gleeweger virun d‘Klinik am Weste vu Roum fir fir de Poopst ze bieden, mellt d‘Noriichtenagence.
A sengen 12 Joer als Chef vun de kathoulescher Kierch gouf de Poopst schonn e puer mol hospitaliséiert ginn.