Op Säite vun der Oppositioun huet de lénken Deputéierte Marc Baum Mesurë presentéiert, fir déi sougenannte “Rentemauer” bis an d’2060er Joren ze verréckelen.
Verschidden Usätz vun de Parteien
De Marc Baum huet och gewarnt, an Zukunft net méi staark op de Wee vu kapitalgedeckte Pensiounen ze goen: Déi wiere manner performant, manner transparent a manner demokratesch. Dat géif nämlech bedeiten, datt e groussen Deel vun der Bevëlkerung méi aarm géif ginn, esou de Marc Baum.
De lénken Deputéierten huet virgeschloen, datt wann de Pensiounssystem an den 2030er Joren net méi am Equiliber wier, d’Cotisatioune mëttelfristeg vun 8 op 9 Prozent solle klammen.
Een änleche Virschlag koum haut an der Chamber vun der ADR-Deputéierter Alexandra Schoos. D'ADR géif alleguer d'Cotisatiounen erhéijen an zwar ëm 1 Prozent, gestreckt iwwer 10 Joer.
Autosvignette fir méi Suen an der Pensiounskeess
Och den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement wëllt op der Recettesäit usetzen, fir der Pensiounskeess méi Suen ze verschafen.
"Mir proposéieren d’Aféiere vun enger Autosvignette fir d’Notze vun de Lëtzebuerger Stroossen. Fir d’Biergerinnen a Bierger hei am Land net weider ze belaaschten, sollen déi Suen, déi si fir d’Vignette bezuelen, duerch d’Ofschafe vun der Autossteier kompenséiert ginn. Duerch d’Vignette géifen haaptsächlech Camionen an Autoen, déi de Passage sinn, och zousätzlech Recettë generéieren."
Donieft huet de Sven Clement eng méi staark Besteierung vun ënner anerem Tubaksprodukter, Alkohol, Cannabis oder Kerosin virgeschloen.