Global gesi war et deen zweetwäermste Mäerz, dee jeemools gemooss gouf. De Mount Mäerz war och aussergewéinlech dréchen. Besonnesch an Zentraleuropa huet et vill manner gereent wéi normal, esou nach Copernicus. Déi aktuell Dréchent mécht de Bauere Suergen. Déi stellvertriedend däitsch Ëmweltministerin Steffi Lemke sot, d'Baueren an Däitschland géifen d'Klimakris dëst Fréijoer däitlech spieren. Et géif den Ament an Däitschland och eng héich Gefor vu Bësch- a Vegetatiounsbränn ginn.
Zu Lëtzebuerg war et de sonnegste Mäerz
De leschte Mount war op alle Fall de sonnegste Mäerz iwwerhaapt, dee jeemools am Grand-Duché gemooss gouf, huet de Luca Mathias vu Meteolux am 100,7-Interview erkläert. Fir de wäermste Mäerz, deen et dem EU-Klimawandeldingscht Copernicus no jee an Europa war, goung et hei am Land awer net duer. Dobäi loung d'Duerchschnëttstemperatur um Findel nach e Krack iwwert där vum ale Kontinent.
An Europa gouf de viregte Mount eng Moyenne vu 6,03 Grad gemooss, wat 2,41 Grad méi ware wéi d'Moyenne vun der Vergläichsperiod 1991 bis 2020.
Um Flughafen heiheem sinn am Duerchschnëtt souguer 7,3 Grad enregistréiert ginn, ronn 1,6 Grad iwwert der 30-jäereger Referenzperiod, esou de Luca Mathias.
"War domat awer net de wäermste Mäerz, dee mer bis elo um Findel gemooss hunn. Dat war d'Joer 2012. Do hate mer eng Moyenne, fir de Mäerz, vun 8,5 Grad."
Wat also 1,2 Grad méi ware wéi dëst Joer.
Neie Rekord u Sonnestonnen
Ervirzehiewen ass allerdéngs en neie Rekord u Sonnestonnen, zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1947.
"Do hu mer, jo, knapps 223 Sonnestonnen."
Fir de Meteorolog vu Meteolux waren dat 4 Stonne Sonn méi wéi am Mäerz 2022, woubäi ëm déi 137 Stonne Sonn, spréch 85 manner, normal sinn. Am Mäerz gouf et heiheem och en Defizit u Reen.
"Um Findel hu mer just 12,4 Liter op de Metercarré Ree gemooss. Wat d’Moyenne ugeet, déi läit sou bei 57 Liter op de Metercarré, dat heescht do si mer gutt drënner."
Woumat een awer just an d’"Top ten" vun den dréchenste Mäerzméint koum. De Rekord an deem Beräich ass vun 1953, wéi am Mäerz just 1,6 Liter Ree gefall sinn.
Kleng Feieren duerch d'Dréchent
Duerch d’Dréchent sinn an de leschten Deeg awer hei an do scho kleng Feieren entstanen, well d'Iwwerfläch vun de Biedem duerch déi vill Sonn an den deelweis staarke Wand gutt ausgedréchent wären. Dem Luca Mathias no geet domat natierlech och de Risiko vu sou Bëschbränn an d'Luucht.
Allgemeng géif sech iwwerdeems zu Lëtzebuerg an an Europa den Erwäermungstrend vun de leschten zwee bis 3 Joer fortsetzen.