arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Mee war ee vun deenen déidlechste Méint am Krich géint d'Ukrain

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

De Mee war ee vun deenen déidlechste Méint am Krich géint d'Ukrain

An der Ukrain sinn duerch de russeschen Ugrëffskrich am Mee bannent engem Mount sou vill Zivilisten ëm d‘Liewe komm wéi zënter 4 Joer net méi. D‘Vereenten Natiounen hu leschte Mount 274 entspriechend Doudesaffer registréiert. Iwwerdeem wieren iwwer 1.700 Mënsche blesséiert ginn.

reading time

1 min

© EPA/SERGEY DOLZHENKO
(Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Béid Chiffere markéieren, op de Mount gekuckt, zënter Abrëll 2022 een neien Héchststand, heescht et nach am Rapport vun der UNO.

Insgesamt wieren der UNO no, zënter dem Ufank vum Krich am Februar 2022 iwwer 16.000 Zivilisten ëmbruecht, an iwwer 46.000 blesséiert ginn. Dës Statistiken hätten awer net all Afferen erfaasst, well den Zougang zu de vu Russland eruewerte Gebidder feele géif.